An der Chamber gëtt aktuell diskutéiert, op d’Recht op Ofdreiwung soll an d’Verfassung kommen. Wéi positionéieren sech d’Parteien? A firwat war dëse Sujet net Deel vun der leschter Verfassungsrevisioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

De Bléck an d’USA oder och a Pole weist: D’Recht op Selbstbestëmmung vun der Fra ka séier nees ageschränkt ginn. Frankräich hat dofir decidéiert, d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren. Zu Lëtzebuerg gëtt aktuell diskutéiert, op ee soll op dee selwechte Wee goen. „Wann Majoritéite wiesselen, kann een natierlech Gesetzer änneren. Wann awer eppes an der Verfassung steet, brauch een dofir eng Zweedrëttelmajoritéit“, erkläert de Pol Reuter d’Iddi hannert der Propose fir esou eng Verfassungsrevisioun.

D’Propose kënnt vum Deputéierte Marc Baum. Déi Lénk sinn dann och fir dës Revisioun, genausou wéi d’LSAP, Déi Gréng an d’Piraten. D’ADR ass dogéint an d’Regierungsparteien, op déi et zum groussen Deel ukënnt, wëllen eng aner Formuléierung. D’CSV an d’DP hätte léiwer eng „Liberté“ amplaz en „Droit“ op Ofdreiwung an der Verfassung stoen. „Dat wierkt éischter wéi e politesche Calcul vum Luc Frieden an allgemeng vun dëser Koalitioun“, fënnt de Pol Reuter. „Doduerch mécht een et vläicht Deputéierten, deenen eng Decisioun an dëser Fro schwéier fält, méi einfach, wann et zumindest semantesch manner staark kléngt, obwuel et an der Realitéit herno keen Ënnerscheed mécht.“

De Pol Reuter kuckt an dëser Episod vum Podcast „On the Record“ och zréck op déi lescht Verfassungsreform, déi eréischt virun zwee Joer a Kraaft getrueden ass. Deemools wier d’Ofdreiwung guer keen Thema gewiescht, erkläert de Journalist vu Reporter.lu. Fir hien hänkt dat awer och domat zesummen, datt aus der ursprünglech geplangter Verfassung um Enn véier Texter goufen. De Pol Reuter erënnert nach eemol dorun, wéi et dozou koum a wéi eng Roll de fréieren CSV-Präsident Frank Engel dobäi gespillt huet. Hien kuckt awer och zréck, wéi sech d’Deputéiert bei der leschter Ofstëmmung iwwert d’Ofdreiwungsgesetz am Joer 2014 verhalen hunn a wat dat haut fir hire Vote bedeite kéint.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema