CSV an DP hunn eng aner Politik versprach. Och bei der bannenzeger Sécherheet. Hu si dat ageléist? Oder huet sech virun allem d’Rhetorik geännert? A wéi ass dat alles ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Déi ganz Polemik, déi dat Heescheverbuet ausgeléist huet, war och gerechtfäerdegt an et war am Fong e strateegesche Feeler vum Léon Gloden, dat esou ze maachen, wéi hien et gemaach huet. Well hien huet do, wéi och bei der Police locale, wéi och beim Platzverweis, sech seng national Politik vun der Gemengepolitik an der Haaptstad diktéiere gelooss.“ Dat seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“, wou de Journalist vu Reporter.lu op dat zréckkuckt, wat d’CSV-DP-Regierung, an do virun allem den Inneminister Léon Gloden, bis elo an der Sécherheetspolitik ëmgesat huet.

„Beim Léon Gloden ass am Ufank schonn ëmmer den Instinkt do, fir mol eppes duerchzezéien an och een erauszehaen, wou et engem als Bierger dach e bësse baang gëtt, wéi et dann do mat der Rechtsstaatlechkeet a mam Rechtsverständnis vum Minister ass“, seet de Pit Scholtes. „Mee ech sinn awer berouegt, dat hien awer dann och bereet ass, zréckzerudderen an och déi Kritik, déi opkënnt, ze consideréieren“, sou de Journalist. Hien gesäit et als positiv, datt souwuel bei der Police locale wéi och beim Platzverweis renforcé, deen elo soll kommen, déi lescht Responsabilitéit bei der Police a net bei de Buergermeeschtere läit.

De Pit Scholtes befaasst sech an dëser Episod dann och mam Rekrutement bei der Police a mat der Reform vun de Police-Karriären, awer och mat Projete wéi der Comparution immédiate oder dem Demonstratiounsgesetz, déi elo sou guer net sollen ëmgesat ginn. De Journalist geet awer och op d’Immigratiounspolitik vum Léon Gloden an der CSV-DP-Regierung an, wou jo grad eréischt vir Kuerzem den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt ëmgesat gouf.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema