D’Regierung setzt Ureizer fir d’Energietransitioun, mee d’Klimaziler ginn ëmmer méi schwéier ze areechen. Wouru läit dat? Wou muss nogebessert ginn? A firwat bräicht et virun allem eng aner Kommunikatioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Mir hunn hei eng Politik, déi u sech just dorop baséiert ass, Incentives ze ginn, mee déi awer och net kloer seet: Dat doten, dat ass dat, wat mer elo musse maachen“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. „Well et ass u sech ëmmer eng Fro, wee wat kommunizéiert. An an där Hinsicht ass et warscheinlech och just eng CSV-DP-Regierung, déi eng wierklech ambitiéis an déifgräifend Klimapolitik zu Lëtzebuerg kéint maachen, sou wéi an Däitschland just eng CDU den Atomausstig a just eng SPD eng Hartz-4-Reform konnt maachen, well dat net direkt hirem Kärprogramm entsprécht“, erkläert de Journalist vu Reporter.lu. „Mee fir eng wierklech ambitiéis Klimapolitik misst d’Regierung mol de Sënn dovun agesinn, wat si awer momentan net mécht“, sou de Pol Reuter.

Hien befaasst sech an dëser Episod mat de Widderspréch vun der Lëtzebuerger Klimapolitik, wou op där enger Säit mat Ureizer fir Wäermepompelen an energeetesch Sanéierungen „op d’Verhale vun de Biergerinnen a Bierger agewierkt gëtt, hinnen awer net kloer an däitlech gesot gëtt, datt et fahrlässeg ass, wann si sech nach eng Gasheizung abauen“, wéi de Pol Reuter betount. Hien geet dann och op eng ganz Rëtsch vu Beräicher an, wou d’Regierung och weiderhi fossil Energien „subventionéiert“, dorënner eng aktuell geplangte virdeelhaft Besteierung vu Plug-in-Hybriden als Déngschtween.

De Journalist setzt sech awer och mat dem leschte Bilan vun den nationalen CO2-Emissioune vun 2025 auserneen. Do stellt hie fest, datt Lëtzebuerg seng Klimaziler ëmmer méi schwéier areecht an et och just de Secteur „Transport“ ass, deen déi schlecht Resultater vun deenen anere Beräicher, virun allem dee vun de „Gebaier“ kompenséiert. Hie kritiséiert dann och do d’Regierung, déi falsch Signaler sende géing. „Et ass einfach frustrant, datt d’Regierung net realiséiert, datt et un hir ass – net fir Verbueter ze maachen – mee fir de Leit ze soen: Hei ass d’Rechnung, dat doten rentéiert sech net fir Iech. An dat ëmmer erëm ze soen, amplaz dat wéi sou en Nebenkriegsschauplatz ze behandelen, deen een heiansdo mol an enger Pressekonferenz niewebäi erwäänt.“

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema