Eng defizitär CNS an Dokteren op Krichsfouss: An der Gesondheetspolitik steet d’Regierung viru schwieregen Aufgaben. Kann si déi bewältegen? Oder hunn CSV an DP am Walkampf ze vill versprach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Hei geet d’Regierung déi typesch Lëtzebuerger Wett an, andeems een hofft, datt de Wuesstem erëmkënnt, datt dat alles riichte wäert an dat een dann och keng Cotisatiounserhéijung maache muss.“ Dat seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“ a bezitt sech do op d’Quadripartite, déi dës Woch zesummekoum, fir iwwer d’Finanzéierung vun der Gesondheetskeess CNS ze beroden. Den Defizit bei der CNS geet nämlech weider an d’Luucht an et musse Léisunge fonnt ginn. Wat elo decidéiert gouf, ass fir de Journalist vu Reporter.lu awer just „Gepléischters“, wat hien „erschreckend“ fënnt ugesiichts der reeller Situatioun.

Déi Quadripartite gouf awer och iwwerschattet vun der Annonce vun der Doktesch-Associatioun AMMD, fir d’Konventioun mat der CNS opzekënnegen. Domat wéilt si Drock opbauen op d’Regierung an d’Ministesch Martine Deprez (CSV), erkläert de Pol Reuter, fir deen dat awer och „e geféierlecht Spill“ ass. Mee: „D’Doktere fillen sech veräppelt, déi proposéiert Erhéijung vun der sougenannter Lettre-clé war elo déi lescht Drëps, déi fir d’AMMD d’Faass zum Iwwerlafe bruet huet“, sou de Pol Reuter.

D’Dokteren hätten sech vill vun der neier Regierung erhofft. Hier Erwaardungen – zum Beispill beim Virage ambulatoire oder den Doktesch-Gesellschaften – wieren awer bis elo net erfëllt ginn, seet hien. „D’CSV an DP hu virun de Wale vill op d’LSAP geklappt an hunn eng aner, méi liberal, Gesondheetspolitik versprach. Mee wéi hir Virgänger scheitert och déi aktuell Regierung un der Realitéit, well keen eng Visioun huet, wéi de Lëtzebuerger Gesondheetssystem kéint anescht fonctionéieren“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema