Fäll vu Feelverhale vun Doktere sinn an der Aktualitéit. Wien ass fir d’Kontroll vun de Medezinner zoustänneg? Firwat dauert et dacks laang, bis schwaarz Schof aus dem Verkéier gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Een Dokter, dee wéinst Bedruch a falschen Diagnose souwuel an der Schwäiz wéi a Frankräich Beruffsverbuet huet, hält haut Consultatiounen an engem Cabinet an der Stad. No enger Recherche vu Reporter.lu zu den Antecedente vum Medezinner huet de Gesondheetsministère lo de „Collège médical“ mat enger Enquête saiséiert, erzielt de Maximilian Richard. Mee wéi konnt et sinn, datt weder de Ministère nach den „Organisme d’autorégulatioun“ vum Passé vum Mann wossten? E Problem wier, datt just de Santésministère Accès op eng EU-Datebank zu den disziplinaresche Fäll vu Medezinner hätt, mee de Collège médical, déi Kontroll awer soll maachen, erkläert de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

Notamment op dësem Punkt soll eng Reform vum Collège médical usetzen, erkläert de Pol Reuter. E Gesetzesprojet dozou soll bis Enn des Joeres vun der Ministesch Martine Deprez (CSV) virgestallt ginn, seet de Journalist vu Reporter.lu. Déi Reform soll och dozou féieren, datt Sanctioune géint Doktere méi séier sollen decidéiert ginn. Bis lo mussen déi all vun engem Geriicht decidéiert ginn. „Doduerjer, datt d’Geriichter involvéiert sinn, kënnen déi Affären sech wierklech laang zéien. Et besteet de Risiko, dass en se scho verjäert sinn, ier dass en se iwwerhaapt plädéiert kënne ginn“, erkläert de Pol Reuter.

„Wichteg ass, datt wann ee bei den Dokter geet, datt een och weess, d’Autoritéiten hunn deen iwwerpréift an deen huet lo net x Antecedente. Am Moment wann een dann awer ëmmer rëm sou Fäll héiert, wou di Saachen eeben net klappen, dat ass ëmmer allkéiers e grousse Vertrauensverloscht“, betount de Maximilian Richard. Dofir bräicht et awer eng Moderniséierung vum Collège médical, virun allem wat d’Transparenz ugeet, mengt de Pol Reuter.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema