D’Decisioun vun der Regierung zum Mindestloun stellt kee vun de Sozialpartner zefridden. Wéi ass d’Virgoe vun der Koalitioun ze beurteelen? Gouf et keng aner Optioun? A wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Och an der Ouschtervakanz beweegt de soziale Mindestloun weider d’Gemidder. Den Aarbechtsminister Marc Spautz gëtt net midd, d’Decisioun vun der Regierung ze verdeedegen an se quasi als déi eenzeg Optioun duerzestellen, well d’Gewerkschaften eng Erhéijung vun 11 Prozent gefuerdert an d’Patronat guer keng Hausse gewollt hätten. Fir de Pol Reuter ass dat sech d’Sach e bëssen einfach gemaach: „Et ass de Rôle vum Patronat, fir dat doten ze fuerderen. An et ass de Rôle vun de Gewerkschaften, fir eng maximalistesch Fuerderung ze maachen. Mee et ass eben de Rôle vun der Regierung, fir ze kucken, jiddereen un en Dësch ze kréien an do tëschent deene Positiounen ze verhandelen, seet de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

„Dat ass hir Aarbecht. Dat ass net een Nice-to-have, mee et ass u sech d’Beschreiwung vun hirem Job a wéi eise Sozialmodell fonctionéiert“, betount de Pol Reuter. „Do geet et och einfach ëm Blamesharing, also dass een, wann eben Decisioune geholl ginn, déi ee vun de Sozialpartner net matdréit, een deem duerno de facto kann d’Schold ginn. Momentan ass dat e bësse méi schwiereg, well u sech muss d’Regierung de ganzen Zäit Decisiounen treffen, mat deene weder d’Gewerkschaften nach d’Patronat zefridde sinn, a schlussendlech hu mer just eng desavouéiert Regierung do stoen“, sou de Pol Reuter.

E bëssen iwwerraschend fënnt de Pol Reuter dann och, datt de Marc Spautz et elo quasi esou duerstellt, wéi wann den Ajustement vum Mindestloun carrement a Fro gestallt gi wier: „Jo, et goufen esou Stëmmen an der Koalitioun a vläicht souguer an der Regierung, mee no baussen hin huet si dat ni gesot. Déi Argumentatioun vum Marc Spautz ass deemno e politescht Manöver, dat awer och keen him wierklech ofkeeft. An dat Vertrauen, wat e vläicht mol hat vun de Gewerkschaften, kritt hien do net erëm zréck“, mengt de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema