Déi nei „Sonndesfro“ bestätegt de politeschen Trend: D’Regierungsparteie bleiwe stabil an d’CSV géif massiv an der Wielergonscht verléieren. Wéi ass den Zoustand vun der Partei virum Superwaljoer 2023? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Nëmmen nach 15 Sëtz an der Chamber – Wann et no den Ëmfroe geet, befënnt sech d’CSV an enger Kris, déi nach vill méi déif ass, wéi een dat no de leschte Walen vläicht nach menge konnt.

Déi Kris ass inhaltlecher, strategescher an och personeller Natur, seet de Marc Schlammes an der neier Episod vum REPORTER-Podcast „On the Record“. De Chef vum Politikressort vum „Luxemburger Wort“ schwätzt mam Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, iwwer d’Grënn fir den Ofstig vun der CSV, hir Chance bei de Gemengen- a Nationalwalen am nächste Joer a wéi eng Strategie si a Saache Spëtzekandidat verfollegt.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema