Eng laang Summerpaus geet op en Enn. Wéi eng grouss Reforme vun der CSV-DP-Agenda stinn no der Rentrée un? Wat huet d’Regierung soss nach wëlles, éier et Richtung nächst Wale geet? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Déi generell Stëmmung ass: ‚Mir hu geliwwert.‘ An elo geet et just nach drëms dat alles duerch de parlamentaresche Betrib ze kréien“, seet de Laurent Schmit an der neier Episod vum Podcast „On the Record“. De Journalist vu Reporter.lu bezitt sech domat op d’Erwaardungshaltung virun der politescher Rentrée, an der verbleiwender Agenda vun der CSV-DP-Koalitioun.
Dobäi géifen awer zwee Theme besonnesch interessant ginn: „Et wäert an den nächste Méint virun allem ëm Suen goen, ëm vill Suen“, sou de Laurent Schmit. An domat mengt hien engersäits déi alarmant finanziell Situatioun vun der Krankekeess CNS, wou et net just wéinst dem parallele Konflikt mat der Dokter-Associatioun AMMD eng politesch Léisung bräicht; an anerersäits déi grouss Steierreform, déi an de Startlächer steet fir no Regierungsplang am Joer 2028 a Kraaft ze trieden.
Am Gespréich mam Chefredakter vu Reporter.lu, Christoph Bumb, schwätzt de Laurent Schmit och nach iwwer den Impakt vun de leschten Tripartite-Mesuren, weider Préifsteng fir de Sozialdialog an iwwer grouss Challengen um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché. An deem Sënn géifen och d’Budgetsdebatten am Hierscht „extrem spannend“ ginn, sou de Laurent Schmit nach. An dat net just wéinst dem labille geopolitesche Kontext, ma och ebe wéinst der genereller Approche vun dëser Koalitioun, déi d’Verbesserung vun der Lag vun de Staatsfinanzen offensichtlech net als politesch Prioritéit opfaasse géif.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu






