Reporter.lu gibt es nicht nur in Form von geschriebenen Artikeln und Recherchen, sondern auch im Audioformat. Alle unsere Podcasts finden Sie hier.

Reporter-Podcast "On the Record"

Wat mécht d’Krisepolitik mat der Demokratie?

von Reporter.lu

D’Lëtzebueger Politik gëtt aktuell vu globalen Krisen bestëmmt: Pandemie, Ukrainkrich an hir Dominoeffekter wei Inflatioun, an héijen Energiepräisser. Wéien Effekt hunn esou Dauerkrisen op eng Demokratie? Dorëms geet et an der neier Episod vu Reporter „On the Record“.

Reporter-Podcast "On the Record"

Wéi krisefest ass d’Luxair?

von Reporter.lu

D’Luxair stécht an enger déiwer Kris. Grond dofir ass net just d’Pandemie: d’Airline ass säit Joren an enger schwiereger finanzieller Situatioun. Dozou kennt en ugespaant Verhältnis tëscht Personal an Direktioun. Dorëms geet et an der neier Episod vun „On the Record“.

Reporter Podcast "On the Record"

Neiorientéierung vun der humanitärer Hëllef

von Reporter.lu

Lëtzebuerg kritt eng nei Strategie fir seng humanitär Hëllef, a well sech doduerch un d’Realitéit vun den Dauerkrisen an der Welt upassen. Firwat déi Approche am ONG-Beräich net onëmstridden ass: Doriwwer geet et an der neier Episode vu Reporter „On the Record“.

Reporter-Podcast "On the Record"

Wat huet de Steierdebat bruecht?

von Reporter.lu

Steieren a Gerechtegkeet wäerten e wichtege Sujet bei de Walen 2023 sinn. Am Juli hunn sech d’Parteien an der Chamber scho positionéiert. Mee fir wéi eng Reforme gëtt et och eng politesch Majoritéit? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Reporter-Podcast "On the Record"

De Manktem u Flüchtlingsstrukturen

von Reporter.lu

Zu Lëtzebuerg feelt et u Plaz fir Flüchtlingen ënnerzebréngen. De Constat, dee schonn 2015 beim Syriekrich gemaach gouf, bleift haut onverännert. D’Autoritéite sinn an engem Däiwelskrees gefaangen. Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Reporter-Podcast "On the Record"

Wéi sënnvoll ass den Tankrabatt?

von Reporter.lu

Säit Abrëll si mam Tankrabatt d’Steieren um Sprit erofgesat. Mee et bestinn Zweiwel, ob déi Mesure hält, wat d’Regierung versprécht. Am Hannergrond streit d’Koalitioun och iwwert den Tanktourismus. Dorëms geet et an der neister Episod vun  „On the Record“.

Reporter-Podcast "On the Record"

De politesche Stil vum Paulette Lenert

von Reporter.lu

Gëtt et eng „Methode Paulette Lenert“? Wat zeechent de Féierungsstil vun der Vizepremier- a Gesondheetsministerin aus? A wéi realistesch sinn hir Chancen, déi éischt Premierministerin am Land ze ginn? Dorëms geet et an der neister Episode vun „On the Record“.

Reporter-Podcast "On the Record"

Black Box SIGI

von Reporter.lu

D’Mëssstänn am „Syndicat Intercommunal de Gestion informatique“ (SIGI), déi Reporter.lu rezent opgedeckt huet, hu séier Konsequenze kritt a sollen elo duerch 3 Auditten gekläert ginn. Am REPORTER-Podcast „On the Record“ gëtt déi ganz SIGI-Saga opgeschafft.

Reporter-Podcast "On the Record"

De Fall CIGR-Mëllerdall

von Reporter.lu

Fir Léit, déi laang am Chômage sinn, solle Beschäftegungsinitiative wéi de CIGR-Mëllerdall eng Bréck bidde fir op de régulairen Aarbechtsmarché ze kommen. Mee wéi Betraffener Reporter.lu erzielen, stécht dohannert e System, dee senger Missioun net ëmmer gerecht gëtt.