D’Lëtzebueger Politik gëtt aktuell vu globalen Krisen bestëmmt: Pandemie, Ukrainkrich an hir Dominoeffekter wei Inflatioun, an héijen Energiepräisser. Wéien Effekt hunn esou Dauerkrisen op eng Demokratie? Dorëms geet et an der neier Episod vu Reporter „On the Record“.

Säit der Covid-Krise huet den Kurs sech an der Politik schlagaarteg geännert. Krisemanagement steet permanent op der Agenda. Dat huet Effekter op politesch Prozesser, well mi séier a manner faktenbaséiert gehandelt gëtt, an d’Entscheedungen fir d’Ëffentlechkeet manner novollzéibar ginn.

„Antikrisemoossnamen ginn an engem klengen Krees virbereet an decidéiert. An de Public gëtt dann just nach informéiert“, seet de Christoph Bumb. Eng weider problematesch Entwécklung: „An enger Kris huet d’Parlament, also déi gewielt Deputéiert, och eppes vun engem Public, well se dat wat schnell decidéiert gouf, just nach ofnicken sollen“, sou d’Analys vum Chefredakter vu Reporter.lu.

Iwwer weider problematesch Aspekter vun der Politik am Dauerkrisemodus schwätzt de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“.

„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema