Lëtzebuerger Energie-Fournisseuren hunn fir de Wanter enorm Haussë vun de Gas- a Stroumrechnungen annoncéiert. Wat stécht hannert där Präisexplosioun a wéi reagéiert d’Politik? Dorëms geet et an der neier Episod vun „On the Record“.
Et sinn Zuelen déi schwindeleg maachen: zu Lëtzebuerg musse Stéit bei hirer Gas-Rechnung sech nächste Mount op eng Hausse tëscht 80 a 110 Prozent gefaasst maachen. Och de Stroum wäert ab Januar ferm an d’Luucht goen. Ëmmer méi Leit riskéieren doduerch hier Rechnungen net méi bezuelen ze kennen. Iwwerdeems maache Gas- an Ölkonzerner Rekord-Profitter.
„D’EU-Kommissioun well den zousätzleche Profit, dee Konzerner duerch d’Präisexplosioun maachen, besteieren a mat dëse Recetten de Verbraucher hëllefen“, sou de Laurent Schmit. Zu Lëtzebuerg kommen dëse Weekend d’Sozialpartner zesumme fir méiglech nei Mesuren auszehandelen.
Iwwer weider Aspekter vun der Energiekris schwätzt de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“.
„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema

