Och Lëtzebuerg wëll d’Steieren um Tubak weider erhéijen. Wat bedeit dat fir d’Recetten? Wat fir de Schmuggel? Toleréiert d’Regierung do net eng Grozon? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Haut geet ee mat der Wallis voll Boergeld net op d’Bank, mee bei den Zigarettegrossist.“ Dat seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Hien bezitt sech do op de floréierenden Tubakstourismus, bei deem Schmuggler riseg Quantitéiten Zigaretten an Tubak zu Lëtzebuerg akafen, fir se dann am Ausland mat Benefice weider ze verkafen. De Phänomen ass bekannt, mee gëtt toleréiert. „Et ass eng, ech géing mol net Grozon soen, mee eng donkelschwaarz Zon, wou de Staat einfach näischt ënnerhëlt. A eng Regierung, déi anscheinend jo kriminell Bande bekämpfe wëll, mécht hei awer déi dräi Afen, wëll näischt héieren, näischt soen an näischt gesinn, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Zesumme mam Pit Scholtes bléckt de Laurent Schmit an dëser 200. Episod vun „On the Record“ op dat Geschäft mam Tubak zu Lëtzebuerg. Dat virum Hannergrond vun den aktuelle Pläng op EU-Niveau fir Besteierung vun Tubaksproduiten ze erhéijen an och vun engem Prozess, wou aktuell e Grossist vun Esch viru Geriicht steet, wéi Reporter.lu beriicht huet. Béid Journalisten zeechnen unhand vun deem Fall de Kär vum Probleem beim Tubakstourismus op. „D’Krux un der Saach ass: Mir wëllen zwar, dass et deen Handel gëtt an dass och déi Volummen ëmgesat ginn, déi do ëmgesat ginn, mee mir probéieren awer sou wäit wéi méiglech déi Konsequenz, déi dat matbréngt, ze ignoréieren, seet de Pit Scholtes. Hien bezitt sech do natierlech op déi vill Recetten, déi via d’Akzisen duerch de Verkaf vun Tubak an d’Staatskeess gespullt ginn.

D’Präisënnerscheeder par Rapport zum Ausland sinn do ee wesentleche Facteur. De Gesondheetsaspekt réckelt dogéint ëmmer an den Hannergrond: „Et gëtt eng extreem Diskrepanz tëschent der Gesondheetspolitik an der Bedeitung vum Tubakstourismus fir d’Staatsfinanzen. Dat ass ganz kloer“, seet de Laurent Schmit. Hie verweist do och op Aussoe vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez, déi eemol sot, d’Vente vum Tubak wier jo kee Probleem, wann dat net méi Konsum zu Lëtzebuerg bedeit. „Also dat ass eng komplett Bankrotterklärung vun enger Ministesch, där hire Ministère soss an all zweete Communiqué viru Gesondheetsrisike vum Fëmme warnt“, sou de Laurent Schmit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema