D’EU plangt grouss Aschränkunge vun Tiktok, Instagram a Co. fir Jonker. Wat bréngen Alterskontrollen am Internet? Ass dat eng Form vun Iwwerwaachung? A wat bedeit dat fir d’Liewenswelt vu Jonker? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wann den „EU Kids Act“ kennt, dann huet dat net nëmme fir Jonker Konsequenzen. „Dat ass eppes, wat eist Verhalen am Internet laangfristeg wäert veränneren“, warnt de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. Et geet ënner anerem ëm dat sougenannte Social-Media-Verbuet: Keen Accès vir Kanner ënnert 13 an „Mini-Konten“ ab 15. D’Propose vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sinn d’Resultat vun engem weltwäiten Debat, an deem d’Gefore vu soziale Medie fir d’mental Gesondheet vu Jonken ëmmer méi däitlech gi sinn.

Eng Alterkontroll am Internet heescht awer och, datt déi fir jiddereen gëllt, erkläert de Journalist vu Reporter.lu. Eng EU-App soll mat der Identitéitskaart zesummen déi Kontroll erméiglechen. Do wier awer d’Fro, wat mat deenen Datë geschitt: „Et mécht einfach d’Méiglechkeet op vun enger Iwwerwaachung“, betount de Pol Reuter. Och wier net kloer, wat als schiedleche Contenu fir Jonker iwwert 15 Joer géif gëllen. Dat wier duerchaus eng Aschränkung vun der Fräiheet vu Jonker, wann d’Propos sou géif duerchgoen. Hien nennt d’Beispill vun de Schülerprotester a Frankräich.

De Premier Luc Frieden hat am „Etat de la Nation“ dëst Joer eng Altersgrenz fir Social Media ugekënnegt. „Fir d’Regierung huet et Virdeeler, datt d’EU-Kommissioun dat lo mecht“, sou de Pol Reuter. Engersäits géif dat méi Rechtssécherheet bréngen an anerersäits eng besser Duerchsetzbarkeet. Mee eng 100-prozenteg Sécherheet géif et net ginn, erkläert hien. En Ëmgoe vun de Reegele wier méiglech.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema