Och zu Lëtzebuerg gëtt doriwwer diskutéiert, Jugendlecher den Zougang zu soziale Medien ze verbidden. Ass dat dee richtege Wee? Wéi grouss sinn d’Gefore vu Social Media? A wéi een Impakt huet KI? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

An enger neier Ëmfro vu „Bee Secure“ soe ronn 60 Prozent vun de jonke Leit, datt Social Media hinnen net gutt deet. An der selwechter Etude seet awer och een Drëttel, datt si méi wéi véier Stonne pro Dag op Tiktok, Instagram a Co. sinn. „Si sinn sech also dem Risiko bewosst, mee bréngen et net fäerdeg, manner Zäit op Social Media ze verbréngen. Dat weist schonn e grousst Suchtpotenzial“, seet de Pol Reuter am „Podcast „On the Record“. Hien betount awer och, datt et de Jonken zu Lëtzebuerg generell net gutt géing goen.

„Laut enger Etude zum Wuelbefanne vu Jugendleche besteet bei 20 Prozent de Risiko vun enger Depressioun, bei jonke Meedercher läit dee souguer bei 28 Prozent. An och wa kee kausalen Zesummenhang tëscht héijem Social-Media-Konsum an dem Risiko vun Depressioun kann nogewise ginn, sou besteet dach awer eng Korrelatioun, well sech weist, datt Jonker mat méi engem grousse Risk fir Depressioun och méi sozial Medie konsuméieren, sou de Journalist vu Reporter.lu. Fir hien deit dat alles op en allgemenge Problem hin: „Mir gesinn eng sozial Vereinsamung an u sech si sozial Medien oder och KI da just e Symptom dovunner oder eppes, wou een dee Problem konkret ka festmaachen.“

De Pol Reuter geet an dëser Episod vun „On the Record“ dann och op d’Responsabilitéit vun de groussen Tech-Konzerner an, an erkläert, firwat et bis elo esou schwéier war, hir Plattformen ze reguléieren, a wéi et elo awer éischt Geriichtsprozesser an den USA gëtt, wou soll nogewise ginn, datt Entreprise wéi Meta d’Suchtpotenzial bewosst gefërdert hunn. A natierlech befaasst hien sech mat de Froen, wéi déi europäesch Länner e Social-Media-Verbuet fir Jonker ëmsetze kéinten, op Lëtzebuerg dorop waarde kann oder selwer aktiv gi muss.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.