D’Schoulrentrée gëtt alt nees vu schlechte PISA-Resultater dominéiert. Wéi falen déi am Detail aus? Wéi gerecht ass de System? An hunn d’Reforme vum Minister Claude Meisch do eppes geännert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Bei dëser PISA-Etüd hu mir elo erëm eng Kéier festgestallt, dass de sozio-ekonomeschen Hannergrond esou ee staarken Impakt op d’Schoulleeschtung huet wéi quasi a kengem anere Land. An déi nei Resultater veranschaulechen alt nees dat, iwwer dat mer säit mindestens 25 Joer schwätzen: nämlech, dass eise Bildungssystem ongerecht ass“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. „An da muss ee feststellen, dat déi vill Reforme virun allem an de leschte Joren offensichtlech net gegraff hu respektiv zu dësem Zäitpunkt net dat bruecht hunn, wat een sech vläicht erhofft huet“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Pol Reuter bléckt an dëser Episod eben op déi nei PISA-Resultater, awer virun allem dorop, wat dohannert stécht: Wat bedeiten déi schlechte Mathé-Kompetenze fir jonk Mënschen am Alldag? Ass de Smartphone wierklech dee grousse Grond fir déi schlecht Lieskompetenz? Wisou ass d’Schéier tëscht Schüler mat an ouni Migratiounshannergrond méi kléng ginn? A natierlech: Wéi si bei dëse PISA-Resultater d’Reforme vum Educatiounsminister Claude Meisch ze beurteelen? „Den Impakt vun deem, wat de Claude Meisch ëmgesat huet, kënne mer nëmmen zum Deel scho bei dëser PISA-Etüd feststellen, och wann ee schonn dat een oder anert kritiséiere kann“, seet de Pol Reuter.

„Déi déifgräifendst Reform, vun där de Minister sech dann och am meeschte versprécht, déi gëtt elo réischt ëmgesat: d’Alphabetiséierung op Franséisch. An eréischt no där Reform kann ee beurteelen, op si aleng schonn eng Äntwert op virun allem déi Problemer a puncto sozio-ekonomeschen Hannergrond sinn“, erkläert de Journalist vu Reporter.lu. Hien kuckt dann och net nëmmen op dat, wat den Educatiounsminister ëmsetze wëll, mee och drop, wat déi aner Parteie proposéieren – a bréngt och eege Léisungsusätz an d’Spill.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema