Manner Wuesstem an Emploi kéinte fir de Lëtzebuerger Wirtschafts- a Sozialmodell massiv Problemer bedeiten. Wéi kéint een deem entgéintwierken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“, déi fir d’éischt Kéier live viru Publikum opgezeechent gouf.

„Huet dee Modell sou nach eng Zukunft?“: Mat dëser Fro hunn sech d’Journaliste vu Reporter.lu dëse Mëttwochowend bei der éischter Live-Opnam vum Podcast „On the Record“ viru ronn 100 interesséierten Nolauschterinnen an Nolauschterer am Ciné Utopia befaasst.

Dobäi hunn de Laurent Schmit, de Pol Reuter an de Pit Scholtes probéiert, déi ënnerschiddlech Facettë vun deem Thema ze beliichten. Am Fokus war dobäi d’Fro: Wat bedeit et fir de Lëtzebuerger Sozialstaat, wann d’Wirtschaft an den Emploi net méi esou wuesse wéi an der Vergaangenheet?

„De Wuesstem vum Emploi brauche mir fir de Pensiounssystem an d’Krankekeess ze finanzéieren, mee en ass och e groussen Dreiwer vun de Recette beim Staat, eben duerch d’Akommessteier“, seet de Laurent Schmit. An d’lescht Joer wier den Emploi nëmmen ëm knapp ee Prozent gewuess, wat dem Niveau no der Finanzkris géing entspriechen. „Dat ass e Probleem, wann ee bedenkt, datt de Pensiounsystem e Wuesstem vun 2,6 Prozent an d’CNS ee vu ronn dräi Prozent brauch, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Pit Scholtes gesäit dann och an der Lëtzebuerger Wirtschaft gewëss Tendenzen, déi de Wuesstem vum Emploi weider bremse kéinten a schwätzt do, notamment op der Finanzplaz vum Asaz vu KI a vun engem Trend zum Outsourcing. Op där aner Säit sträicht hien ervir, wéi staark dee wéinege Wuesstem vum Emploi vun der Fonction publique bestëmmt gëtt. Dat wier en Ongläichgewiicht, dat en plus de Staatsbudget staark belaaschte géing. „24 Prozent vum Budget gi fir d’Remuneratioune vum Personal beim Staat ausginn an dat si jo och strukturell Scholden“ sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi dräi Journalisten hunn awer och doriwwer diskutéiert, wat een da kéint maachen, datt de Lëtzebuerger Modell awer nach eng Zukunft huet respektiv wéi een e manner ofhängeg vum Wuesstem adaptéiere kéint. „D’Fro ass jo, wéi kann een déi Ofhängegkeet vum Emploi briechen, wat eise Sozialmodell ugeet“, betount de Pol Reuter, deen do eng Ierfschaftssteier eng „elegant Léisung“ géing fannen, fir de Pensiounssystem ze finanzéieren. Last but not least huet d’Diskussioun awer och ëm déi grouss Froe gedréit: Wat wëlle mer eigentlech? Wéi e Wuesstem wëlle mer fir Lëtzebuerg? A wat si mir bereet dofir ze maachen?

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema