Aus Grand-Duc Henri gëtt Grand-Duc Guillaume. Wat bedeit den Trounwiessel fir d’Land? Wéi huet d’Monarchie Politik a Gesellschaft gepräägt? A wéi eng Roll spillt de Grand-Duc zu Lëtzebuerg iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Demokratie a Rechtsstaat op der enger Säit an eng Ierfmonarchie op der anerer, dat ass e Widdersproch a sech a féiert einfach zu cocasse Situatiounen“, seet de Laurent Schmit. Bis elo hätt Lëtzebuerg dee Spagat an der politescher Praxis zwar ëmmer iergendwéi hikritt. Mee dat wier eben „net ëmmer evident“, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. Domat bezitt hie sech notamment op déi Krisen, déi d’Monarchie ënnert dem Grand-Duc Henri ervirbruecht hätt.
Och de Pit Scholtes erënnert sengersäits un déi Kontrovers ëm d’Euthanasie-Gesetz am Joer 2008 an déi latent Verfassungskris, déi deemools entstan ass. Déi an aner Erfarungen hätten allerdéngs kloer gemaach, „wéi ee Monarchie-Verständnis iwwerhaapt erwënscht ass“. „Dat leeft dorop eraus, datt d’Monarchie soll eng schéin Dekoratioun vun eiser Souveränitéit sinn. Si ass zwar schéi fir ze kucken, si schmückt eis d’Land bëssen aus, mee si huet awer näischt ze soen“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
D’Monarchie géif hir Akzeptanz dofir och duerch hir „politesch Irrelevanz“ erhalen, sou de Pit Scholtes nach. „A soulaang déi Grenz net iwwerschratt gëtt, kann ech mir och net virstellen, datt et zu enger Afrostellung vum Grand-Duc an der Monarchie kënnt.“ Dat gesäit och de Laurent Schmit esou, mee hie betount och, datt genau dee Risk, datt ee Monarch d’Grenze vu senger konstitutioneller Roll iwwerschreide kéint, nawell och haut, also och no diverse wichtege Verfassungsreformen, ëmmer nach gi wär.
Allen zwee Journalisten erwaarden sech vum Trounwiessel awer eng weider „Normaliséierung“. Dat géif eleng schonns de Generatiounswiessel mat sech bréngen. Allerdéngs betounen si och, datt een am Fong nach net allze vill iwwer de Personnage an d’Iwwerzeegunge vum neie Grand-Duc Guillaume géif wëssen. Mee och dat wier bis zu engem gewësse Grad schonn en Zeeche vu politescher Neutralitéit, déi eng modern Monarchie auszeechne misst.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



