Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet mat sengem Verhalen op Facebook alt nees fir Opreegung gesuergt. Déi aner Parteien hunn dat schaarf verurteelt. Mee geet dat duer? Oder missten et méi Konsequenze ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Datt d’ADR iwwerhaapt an eng Situatioun kënnt, wou si muss kloerstellen, datt si fir Demokratie, Fräiheet a Mënscherechter ass, dat seet u sech schonn alles.“ Dat seet de Christoph Bumb a bezitt sech domat op eng Chamber-Plenière dës Woch, wou den ADR-Deputéierten Tom Weidig a mat him seng ganz Partei am Fokus vun der Kritik stoungen. „Ech mengen, d’ADR ass sech där Situatioun och bewosst. Wou ech awer méi skeptesch sinn, ass d’Fro, op si déi richteg Schlëss doraus zitt“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu am „Podcast „On the Record“. Well et wier jo net déi éischte Kéier, datt d’Partei sech fir esou e Virfall misst erklären.

Hannergrond vun deem aussergewéinlechen Debat dës Woch an der Chamber war en LGBTQ-feindleche Facebook-Kommentar, deen den Tom Weidig „geliked“ huet. Well an dësem Kommentar dovu riets war, datt LGBTQ och hei am Land misst „bekämpft“ a „vernicht“ ginn, hunn déi aner Parteien sech mat deels ganz schaarfe Wieder un den Tom Weidig an d’ADR geriicht. Si wieren eng „Schan fir d’Chamber“ an „Nazien“, gouf gesot. „Esou Aussoe klénge staark, mee ech bezweifelen awer, datt déi Politiker, déi dës däitlech Äusserunge gemaach hunn, bewosst ass, datt si am Zweiwelsfall och doru gemooss ginn“, seet dozou de Christoph Bumb.

D’Fro wier nämlech, wéi een elo mat där ADR an der Chamber géing ëmgoen: „Ass do nach eng inhaltlech konstruktiv Zesummenaarbecht méiglech, mat Leit, déi een Nazi genannt huet. „Ass dat just esou gesot an da kucke mir weider oder ass et gesot a mir halen eis och drun, wat mir gesot hunn“, freet sech de Journalist. An do géing d’Fro am Raum stoen, wéi héich oder wéi staark déi sougenannt Brandmauer géingt Rietsextremismus ass oder ob et se iwwerhaapt gëtt. „Ech hunn e bëssen den Androck, datt et wéi soss och weider geet wéi bis elo, mee virum Hannergrond vun deenen Äusserungen, déi do gemaach goufen, kann dat am Fong net sinn. Soss maachen sech déi aner Parteien onglafwierdeg“, sou de Christoph Bumb.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema