Den LSAP-Kandidat Max Leners ass net zum Member vum Staatsrot gewielt ginn. Wat sinn d’Hannergrënn vun dësem Vote? A wat bedeit dat fir de Fonctionnement vum Staatsrot? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„De Max Leners ass eng Persoun, déi an de leschte Jore vill ugeeckt ass. Hien huet ee Buch iwwert dem Luc Frieden seng Verfeelungen a senger Zäit a virege Regierunge matzen am Walkampf rausbruecht. Datt dat verschiddene Leit opstéisst, ass evident“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. Hien erkläert domat ee vun de Grënn, firwat den LSAP-Politiker net an de Staatsrot gewielt gouf. Zousätzlech huet säin Alter a säi Geschlecht him net an d’Kaarte gespillt, sou de Journalist vu Reporter.lu.
Fir d’LSAP bedeit dat elo viraussichtlech bis 2029 am Staatsrot ënnerrepresentéiert ze sinn. Dat kann duerchaus politesch Konsequenzen hunn. „Et gesäit ee bei verschiddenen Avisen och kloer politesch Fierwungen. Ee ganz politesch neutraalt Gremium, dat just d’Verfassungskonformitéit soll iwwerpréiwen ass et net“, seet de Pol Reuter.
De Staatsrot stoung dacks an der Kritik. Soss war dëst oft virun allem opgrond vu senger Intransparenz an der Abberzuel u méiglechen Interessekonflikter. Mee och d’Nominatiounsprozedur vun de Membere war och an der Vergaangenheet schonns e politesche Sujet. Elo gëtt et spannend ze kucken, wéi d’LSAP-Vertrieder sech an Zukunft am Staatsrot verhale wäerten. „Wann et erëm eng Kéier um Staatsrot ass, fir iwwert eng Kandidatur ofzestëmmen, dann ass d’Fro, ob een do nach ëmmer op d’Stemme vun der LSAP setze kann“, esou de Journalist vu Reporter.lu. De Broch mat der institutioneller Traditioun kéint dann awer zu enger Reform féieren, och wann d’Regierung dat net plangt.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



