Ein anderer „Wochenrückblick“ ist möglich: Pünktlich zum Wochenende blickt unsere Redaktion mit einem Augenzwinkern auf Schlagzeilen zurück, die uns besonders beschäftigten. Dieses Mal: Nachrichten, die nie öffentlich werden sollten.
Die USA sind in Aufruhr: Ein Journalist las mit, wie führende Regierungsmitglieder Militärschläge gegen die Huthi-Milizen koordinierten. Peinlich. Oder „PATHETIC“, wie Kommunikationsprofi und Verteidigungsprofi Pete Hegseth sagen würde – also, wenn es gerade um Europäer geht.
Was er nicht weiß: Die Luxemburger Regierung ist wie immer ihren US-Bündnispartnern drei Schritte voraus. Ein hochverschlüsselter Messenger wie Signal? Pff, wir haben Luxchat. Regierungskommunikation mit Emojis? Xav hat’s erfunden 😘
Was aber bisher genauso geheim blieb wie der US-Angriff: Die Retrospect-Redaktion liest seit Monaten im offiziellen Luxchat der großherzoglichen Regierung mit. Leider wurden wir diese Woche enttarnt. Aber natürlich teilen wir ein Best-of der vergangenen Wochen mit unseren treuen Lesern.
Das Ruanda-Gate
XB: Saluti, de sougenannte Journalist Diego nervt mech: Hie wëll wëssen, firwat ech d’Sanktioune géint de Ruanda zu Bréissel verhënnert hunn. Dat war ech guer net!!!
#Luc: Honoraablen Här Ausseminister, firwat war ech net am Virfeld informéiert? Aussepolitik maachen ech.
XB: Luc, pack dech. Ech wollt just Brécke bauen. Do ass nach iergendzwousch an Afrika en Treffen. Do sollt een dach mol kucken!?
#Luc: …
XB: Bon, ech brauch eng Paus. Wien geet mat op d’Dikrecher Kavalkade?
De Georges: 🍺🍺🍺🍺
Max the Great: 👊🇱🇺🔥
Eric: Ech si schonn do! That’s my job!
Yuriko: Godspeed to our Warriors.
#Luc: Honoraablen Här Ausseminister, merci fir déi flott Invitatioun. Ech fueren awer weekends ëmmer Auto.
#Luc: Selwer
Serge: Ech wäert mech ënnert de Bam-Präbbeli leeën.
Léon, der Profi: Ech hu meng Träipe gefrot an déi sote mir, datt ech besser op der Musel ënnerwee sinn.
Léon, der Profi: Ech wollt do souwisou kucken, wou ech nach kéint eng Police locale asetzen.
Sexy Lexy: Supi Léon, da gesi mer eis. Da kucke mer och, wou mer nach e puer Kameraen ophänke kënnen.
#Luc: Dat ass eng flott Saach a wichteg an enger Demokratie. Do muss een och net ëmmer mat allem d’Accord sinn.
Irgendwas mit Renten
Sexy Lexy: A propos: Sollte mer net awer mol soen, wat mer elo wëlle mat deene Pensiounen do maachen? Martine?
Martine D.: Am Koalitiounsaccord vun dëser Regierung steet, datt et wäert eng breet Consultatioun ginn iwwert déi laangfristeg Ofsécherung vun eisem Pensiounssystem, fir e breede Konsens ze fannen.
#Luc: Flott Äntwert.
Sexy Lexy: Ok, ass scho gutt. Ech froen einfach net méi 🙄
XB: Drénk einfach e Cappuccino. Mat Schlagsan awer, gell du, Luc 😘
Martine H.: Klappschmant nennt een dat.
Djuna B.: Ech sinn d’Djuna, dat hei ass e Locher an ech hu keng Anung wéi een e Cappuccino mécht 🤔
XB: Djuna, raus hei! Du bass nach ëmmer net Premier!
XB: Mee Claude, du weess dach bestëmmt, wou et gudde Kaffi gëtt.
Claude: Jo, ech kennen do eng Plaz, wou ee ganz a Rou kann eng Taass drénken, ouni datt et ze vill Kaméidi gëtt. Ech maachen der eng PM.
XB: Ech hunn den Eric fonnt – an de Charel!

Sexy Lexy: Top Verkleedung, Xav!
Léon, der Profi: Wien ass eigentlech dat Stéphanie hei am Chat? Huet sech hei eng Journalistin ageschlach?
Stéphanie: Ech si Ministesch fir Héichschoul, Fuerschung an Digitaliséierung.
Léon, der Profi: Ah… Ech si Minister fir Affaires intérieures, just fir datt nach eemol kloer ze stellen.
Yuriko: Et ass ganz wichteg, Fraen an der Regierung ze hunn.
Yuriko: An am Sport: Georges, firwat huet eigentlech keen e Communiqué gemaach, fir dem Patrizia van der Weken ze felicitéieren, fir déi memorabel Leeschtung? 🏃🏻♀️➡️
De Georges: Dat hat ech guer net matkritt. Mee eis Rout Léiwe géingt Schweden, hu der dat gesinn? Dat sinn eis Jongen!
Sozialdialog ist so wichtig
De Georges: Firwat ass eigentlech kee vun eis op de Kongress vum OGBL invitéiert? Ech hunn héieren, do géing et gudde Béier ginn.
#Luc: Sozialdialog ass ganz wichteg fir dës Regierung. An do muss een och net ëmmer mat allem d’Accord sinn.
Gilles: De Marc geet dohin.
Léon, der Profi: De Lies?
Gilles: Herrjee, natierlech net. De Spautze Marc geet. Soss kéinte mer de soziale Fridde jo direkt begruewen. A wat geschitt da mat mengem Triple A …
Gilles: Triple S, mengen ech natierlech.
Sexy Lexy: Hu der iwwregens matkritt? De Fayot fënnt, datt se um Haff e bësse liichtfankeg mat ëffentlech Suen ëmginn. Grad de Fayot, dat kann dach net sinn!
XB: Looss mer de Firlefranz mat Rou. Deen huet mir hei am Ministère eng flott Lëscht mat gudde Restauranten a Wäikelleren hannerlooss. Ech muss mol nach e puer Reese maachen ✈️
„D’Caritas huet en décke Problem“
Sexy Lexy: Déi beschte Restaurante waren an deene Länner, wou d’Caritas Projeten hat. Mee do si mer jo elo eraus …
XB: Ah, do si se awer och selwer schold. Si hätte jo kënne besser oppassen.
#Luc: De Staat ass net d’Caritas.
Sexy Lexy: Effektiv, dat gesäit ee jo ganz kloer op der Grafik am Tageblatt.
XB: Hues du dorop eppes erkannt? Ech weess, nach ëmmer net, wéi eng Metro lo op d’Place de la Concorde fiert.
Max The Great: Dofir huet ee jo eng Limousin mat Chauffer.
#Luc: Ech fuere ganz gäre selwer Auto. Schonn zu menger Zäit zu Paräis. Och, wann do ëmmer Chaos ronderëm den Arc de Triomphe war.
Martine H.: Den Aly huet mer iwwregens eng ganz rosen SMS gemaach, datt mer d’N7 lo awer net ausbauen.
Sexy Lexy: Mir féiere lo do einfach eng Spuer fir Fuergemeinschaften an. Dat klappt dach esou super op der A3, gell, Yuriko?
Yuriko: Esou eng Voie de covoiturage ass essentiel fir de Fonctionnement vun enger moderner Autoroute.
Léon, der Profi: Hu der eigentlech meng nei Limousine scho gesinn? Ech muss do mol e Video fir op Facebook maachen.
#Luc: Här Inneminister, dat kléngt zwar no enger ganz flotter Iddi. Mee ech géing dovun ofroden. A enger Demokratie muss een net ëmmer mat allem d’Accord sinn.
Léon, der Profi: Här Staatsminister, ech si Minister fir Affaires intérieures.
#Luc: An ech si Premierminister.
Mehr Retrospect


