De Luc Frieden huet dës Woch seng drëtt Ried zur Lag vun der Natioun gehal. Mee wéi iwwerzeegend war seng Analys? Wat huet hie verpasst ze vermëttelen? A wéi huet hien domat den Terrain bereet fir d’Tripartite? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Natierlech ass dat eng wichteg Ried, mee ech hunn awer Zweifel, dass Leit, déi sech net berufflech mat der etabléierter Politik beschäftegen, do onbedéngt eng Entrée fannen an déi Ried, wéi se, leider aus menger Vue, zu Lëtzebuerg verstan an ëmmer erëm gehal gëtt.“ Dat seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“ zur Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Luc Frieden dës Woch an der Chamber. „Dat gëllt net nëmme fir de Luc Frieden. Et sinn ëmmer immens laang Rieden, ustrengend Exercicer fir d’Nolauschterer, well iwwerlagert mat Pathos, mat ville Floskelen, a mat Wierder a Sätz, déi widderholl ginn an déi am Fong wierklech näischt aussoen“, kritiséiert de Chefredakter vu Reporter.lu.

„Wat ech mir erwaarde vun engem Premier an esou enger Ried, ass, datt hien d’Lag vun der Natioun hallefweegs sachlech an objektiv beschreift, an dann seet, wéi d’Regierung dat aschätzt, wéi si d’Perspektiv gesäit a virun allem, wat si dann als demokratesch gewielte Regierung mécht. Politesch Gestaltung war fir mech bal net ze erkennen an dëser Ried“, fënnt de Christoph Bumb.

Fir de Pit Scholtes sengersäits huet de Luc Frieden mat dëser Ried och verpasst, „Verantwortung vun sech selwer ofzedroen op aner Acteuren an der Gesellschaft“. „Déi Ried wier och eng Chance gewiescht, d’Limitte vun der Politik opzeweisen, datt si net all Probleem ka léisen, an déi aner Bedeelegt un hir Verantwortung ze erënneren.“

D’Journaliste vu Reporter.lu schwätzen an deem Kontext och doriwwer, wéi déi d’Tripartite dës Ried beaflosst hunn an och d’Erfarung aus dem leschte Joer, wéi de Luc Frieden mat sengen Annoncen zur Pensiounsreform fir vill Irritatioune gesuergt huet. Si ginn och op déi puer Annoncen an, déi de Premier dann awer gemaach huet an virun allem op dat, wat hien net oder net däitlech genuch ugeschwat huet: déi schwiereg Situatioun a puncto Wirtschaftswuesstem, Inflatioun, Emploi a Chômage souwéi Staatsfinanzen a Verscholdung.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema