Den Tram-Reseau an der Haaptstad gëtt massiv ausgebaut. Den Zäitplang dofir ass zimmlech optimistesch. Kann dee Plang opgoen? Wou riskéiert een, Problemer ze kréien? A wéi packt d’Stad déi vill Chantieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Et huet een net wierklech e Choix, well soss gëtt et Chaos“, seet de Laurent Schmit a mengt domat déi vill Chantieren, déi duerch den Ausbau vum Tram-Reseau an der Stad Lëtzebuerg entstinn. Et misst een eben elo dat ophuelen, wat déi lescht Joerzéngte verschlof gi wier a wat d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer och aktiv gebremst hätt, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.
Bis 2031 soll den Tram ënnert anerem iwwert d’Route Arlon fueren – do och zum Deel ënnerierdesch. „Bei der Streck op der Areler Strooss gëtt lo am Fong dat Blot vum Himmel versprach“, fënnt de Laurent Schmit: „Déi selwecht Plaz fir den Auto, méi Plaz fir de Vëlo, Plaz och fir Foussgänger, do stellt sech d’Fro, ob dat alles esou an dann och esou séier gebaut ka ginn“, sou de Journalist, deen an dëser Podcast-Episod och zum séieren Tram an de Süden, zum Tracé iwwert d’Route d’Esch an zum Dauerbrenner-Thema Avenue de la Porte-Neuve dat eent oder anert ze soen huet.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



