D’Deputéiert hunn nieft hirem Chamber-Mandat vill aner Fonctiounen. Wat verdéngen si dobäi? Wéi eng méiglech Interessekonflikter hunn si doduerch? A firwat soll d’Ëffentlechkeet dat alles wëssen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„Sënn an d’Zweck vun där Transparenz ass, dat ee weess, a wéi engen Entreprisen an Organisatiounen d’Deputéiert sinn, fir sech e Bild ze maachen, wéi eng Intressen si kéinte verfollegen“, erkläert de Laurent Schmit. De Journalist vu Reporter.lu huet sech zesumme mam Redaktiounskolleeg Pol Reuter d’Deklaratioune vun den Deputéiert zu hiren Nieweverdéngschter ugekuckt. Hien mécht dat scho säit Joren an ëmmer nees falen him Onreegelméissegkeeten an Onkloerheeten op, wéi hien am Podcast „On the Record“ erzielt.

D’Deputéiert géingen sech nach ëmmer schwéier doe mam Ausfëlle vun deem entspriechende Formulaire an et géingen och mol Saachen net agedroe ginn. De System wier och komplex, seet de Laurent Schmit, mee d’Deputéiert wieren awer do an der Responsabilitéit. Dat wier och keng Banalitéit, wéi zum Beispill Korruptiounsfäll aus dem Ausland géinge weisen. „Oft héiert een, dat wier dach net esou schlëmm, wann do eng Entreprise géing feelen. Mee déi Kéier, wou et en Deputéierte gëtt, dee vläicht manner Skrupel huet a wierklech relevant Saachen net ugëtt, wéi sti mir dann do?, freet  sech de Journalist.

Deklaratioun vun de Nieweverdéngschter werfen awer och ëmmer nees Froen zum Cumul vu Mandater op. „Dat ass de fundamentale Problem, deen ëmmer erëm kënnt: Ass et iwwerhaapt méiglech, nieft der Fonctioun als Deputéierten iergend eppes aneres ze maachen an alles gutt a richteg ze maachen?“, sou de Laurent Schmit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema