Virun méi wéi zéng Méint huet Russland d’Ukrain iwwerfall. Wéi huet sech de Krich zanterhier entwéckelt? Wéi huet sech d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zu deem Konflikt verännert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Am Februar 2022 sinn déi meescht westlech Regierunge vun enger séierer Victoire vu Russland ausgaangen. Et ass anescht komm. E grousse Krich an Europa war en nohaltege Schock. Bis elo ass d’Ukrain och net a Vergiessenheet geroden– wéi vill gefaart an erwaart gouf.

D’Ukrain huet 2022 ëmmer erëm iwwerrascht – ënner anerem mat militäresche Succèsen. Dat huet awer och mat enger falscher Virstellung am Weste vun der ukrainescher Arméi ze dinn, déi zanter 2014 méi modern a schlagkräfteg ginn ass. Dat seet de Journalist Pit Scholtes vu Reporter.lu am Gespréich mam Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Vun de Waffeliwwerungen aus dem Weste géif de weidere Verlaf vum Krich wesentlech ofhänken. Lëtzebuerg huet do fir seng Gréisst ganz vill geliwwert – e komplette Broch mat der Politik vu virum 24. Februar 2022.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema