Kuerz virun der Summervakanz war de Projet Alpha nach eemol Thema an der Chamber. Wat soen déi nei Etuden an Evaluatiounen aus? Wéi ass d’Virgoe vum Ministère ze beurteelen? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Am Hierscht soll de Projet Alpha, also déi optional Alphabetiséierung op Franséisch, landeswäit an alle Primärschoulen ëmgesat ginn. Lo kuerz virun der Vakanz war dës Reform nach eemol Sujet an der politescher Aktualitéit. Ursaach waren eng ganz Rei Evaluatiounen, déi elo publizéiert goufen, dorënner eng Etude vum „Luxembourg Centre of Educational Testing“ (Lucet), bei där den Educatiounsministère offensichtlech net wollt, datt d’Fuerscher vun der Uni déi einfach esou verëffentlechen. „Mëttlerweil ass kloer, datt et de Wonsch vum Ministère war, datt déi Publikatioun no hanne geréckelt gouf an datt nach zousätzlech Analyse solle gemaach ginn. An et kritt een do schonn d’Gefill, datt hei probéiert gouf, eppes ze vertusche respektiv d’Envergure vun där Etude erofzespillen“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“.

De Journalist vu Reporter.lu geet an dëser Episod natierlech och op den Inhalt vun där Etude an, op dat, wat d’Fuerscher festgestallt hunn, wou si u methodologesch Grenze gestouss sinn a wat de Claude Meisch a seng Beamte gestéiert huet. D’Erklärunge vum Minister an der zoustänneger Chamberkommissioun stellen de Pol Reuter op jidde Fall net zefridden, wéi hien erkläert. An hie bedauert dat ganz Virgoen. „Wann de Claude Meisch wierklech éierlech gewiescht wär, dann hätt e gesot, datt d’Alphabetiséierung vun Ufank un eppes war, wat hie wollt maachen a wat hien duerchgezunn hätt, egal wat d’Resultater sinn. An hei ass genau d’Confirmatioun vun deem Virgoen, dass him d’Resultater vun den Etuden u sech egal sinn“, sou de Pol Reuter.

„Et stellt jo u sech keen a Fro, dass een de Schoulsystem net sou ka bäibehalen, well e momentan ongerecht ass fir e groussen Deel vun eise Schüler. Dat heescht, mir mussen eppes änneren“, seet de Journalist vu Reporter.lu. „Awer doduerch, datt de Ministère probéiert huet, Resultater, déi engem net onbedéngt gepasst hunn, no hannen ze verréckelen, soudatt genau virum Summerlach e wierklechen Debat net méi méiglech ass, gëtt engem natierlech d’Gefill, dass hei probéiert gouf, ee Projet duerchzedrécken, wou een u sech net weess, wat ee mécht. Et ass en Experiment un eiser ganzer Schülerschaft. An dat Ganzt hätt ee ganz anescht kéinten ugoen“, mengt de Pol Reuter.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema