De Lëtzebuerger Immobiliemarché huet sech nach ëmmer net stabiliséiert. Wat sinn d’Ursaachen? Wat hunn déi staatlech Mesurë bruecht? A wéi kéint déi aktuell Weltlag d’Situatioun beaflossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Déi lescht Zuele weisen et: D’Aktivitéit um Neibau-Marché ass nach ëmmer wäit ewech vum Niveau virun der Kris. Am leschten Trimester goufen nëmmen 149 esou Wunnenge verkaf – tëscht 2017 bis 2021 waren et der am Schnëtt 714. De Pit Scholtes gesäit dofir virun allem zwou Ursaachen: „Notamment d’Präisser am Neibau, déi am Fong zimmlech stabil säit 2021 sinn. Dat heescht, d’Aktivitéit geet zwar erof, mee d’Präisser passen sech net un“, erkläert de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. „An deen anere Probleem ass d’Finanzéierung. Dat heescht, et ass méi schwéier ginn, souwuel fir Promoteure wéi och fir privat Stéit, fir, an den Neibau ze investéieren“, sou de Pit Scholtes.

Déi steierlech Vergënschtegungen, déi d’Regierung temporär decidéiert huet, hätten dann och nëmme fir e kuerzt „Strohfeuer“ gesuergt respektiv fir „Mitnahmeeffekte“, also, datt Keefer, Projeten, déi si souwisou wëlles haten, virgezunn hätten. „Wat huet de Staat de facto gemaach: En huet d’Präisser duerch ee Steierausfall subventionéiert an doduerch d’Demande gestäipt oder och ugeheizt“, sou de Pit Scholtes. Mee dat huet net wierklech dem Neibau gehollef, mee dem Marché insgesamt. Am Endeffekt huet d’Regierung d’Verdeele vum Kuch subventionéiert, mee doduerch ass de Kuch net wierklech méi grouss ginn“, sou d’Analys vum Journalist vu Reporter.lu.

Zu all deem kënnt elo och nach déi schwiereg geopolitesch Situatioun mam Krich am Mëttleren Osten: „Iwwerspëtzt gesot, si mer e bësse Back to the future. Mir sinn an enger änlecher Situatioun, wann net souguer enger méi graver, wéi 2022 nom Ufank vum Ukrainkrich. D’Inflatioun ass, wéi gefaart, geklommen, a wou een Enn 2025 nach geduecht huet, et kéimen elo Zënsbaisse duerch d’Europäesch Zentralbank, geet elo jidderee vun Haussen aus. An dat alles mécht, datt 2026 viraussiichtlech e ganz schwieregt Joer gëtt fir den Immobiliemarché. An d’Fro ass natierlech, wat kann d’Regierung do maachen?“, sou Pit Scholtes, deen sech awer och dozou e puer Gedanke gemaach huet.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema