Net all Deputéiert si gläich vill an de Kommissiounssëtzunge präsent. Wat sinn d’Grënn dofir? Firwat ass dat problematesch? A ka virun deem Hannergrond weider un Duebelmandater festgehale ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„De Serge Wilmes ass de Spëtzereider, mat engem Taux, wou hien an iwwer 80 Prozent vun de Sëtzunge vun de Kommissiounen, wou hie Member war, net do war. Dat ass mol net all fënneft Sëtzung“, erkläert de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. „Ech hu mir scho geduecht, datt den CSV-Deputéierten elo net géing am beschten ofschneiden, mee dat doten Ausmooss, dat hätt ech mir net erwaart“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

De Pol Reuter bezitt sech do op eng exklusiv Recherche, déi hien zesumme mat sengem Redaktiounskolleeg Laurent Schmit gemaach hat. Déi Recherche iwwert d’Joren 2018 bis haut erméiglecht fir d’éischte Kéier en Iwwerbléck iwwert d’Präsenz vun den Deputéierten an de Chamber-Kommissiounen. Do weisen sech dach awer grouss Ënnerscheeder tëscht de verschiddenen Deputéierten – an domat och d’Fro, wéi een Impakt déi Präsenz op d’parlamentaresch Aarbecht insgesamt huet.

„An der Plenière gëtt iwwer Gesetzer ofgestëmmt an et gi Riede gehalen. Mee déi wierklech inhaltlech Aarbecht geschitt an de Kommissiounen. An et ass do, wou een als Deputéierten, wann een da wéilt, wierklech Afloss op Gesetzestexter kann hunn“, seet de Christoph Bumb. An et wier och do, wou d’Chamber hirer Roll als Kontrollorgan vun der Regierung wierklech gerecht ka ginn. „Also wann de Serge Wilmes de Modell fir en Deputéierten zu Lëtzebuerg wier, dann hätte mer mengen ech e Probleem, well da géing de parlamentaresche Betrib net méi ganz gutt fonctionéieren“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu iwwer déi politesch Dimensioun vun der ganzer Recherche.

De Pol Reuter an de Christoph Bumb diskutéieren dann awer och iwwer de Phänomen vun den Duebelmandater, deen iwwer der ganzer Thematik schwieft. An dobäi weist sech net nëmmen, wéi schwéierfälleg eng sënnvoll Reform vum Politikerstatut bis haut ass. Mee och, datt et awer genuch Politiker ginn, déi hiert Deputéierte-Mandat trotz anerer Verpflichtunge besser wouerhuele wéi déi Parlamentarier, déi mat hiren Absencen negativ opfalen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema