D’Walplakater hänken, d’Braderie ass eriwwer an déi lescht Sonndesfro virun de Wale publizéiert. Wat bedeit dëse Sondage? An wéi stellen déi méi kleng Parteien sech fir d’Walen op? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Pünktlech fir den offizielle Start vum Walkampf de leschte Méinden hunn „RTL“ an „Luxemburger Wort“ eng nei Ëmfro zu de Walintentioune verëffentlecht. Laut dëser géingen d’CSV an d‘LSAP sech am Verglach zur leschter „Ilres-Sonndesfro“ verbesseren. Dëst kéint och d’Dynamik am Walkampf veränneren, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. „Dat kann och dozou féieren, datt déi Parteien nach méi gestäerkt ginn, well d’Leit gären zu de Gewënner gehéieren“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Ee vu den Trends an der Sonndesfro ass, datt d’Piraten sech an der Wielergonscht kontinuéierlech verbesseren. D’ADR schéngt vun enger méiglecher Wiesselstëmmung am Land awer net ze profitéieren. Obwuel béid Parteie probéieren, eng änlech Wielerschaft ze erreechen, schéngen d’Piraten do méi Erfolleg ze hunn, well se eng aner Strategie fueren, erkläert sengersäits de Pit Scholtes. „Pirate sinn och eng Partei, déi mat der Fauscht op den Dësch schléit, mee ouni radikal Positiounen, wéi d’EU oder eis gesellschaftlech Oppenheet a Fro ze stellen.“

Am Podcast schwätzen déi zwee Journaliste vu Reporter.lu och iwwer d’Chance vun den anere Parteien an iwwer méiglech Dynamiken an der Walcampagne.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.