De Gilles Roth huet seng Pläng fir eng Individualiséierung vum Steiersystem virgeluecht. Kann hien déi Reform esou ëmsetzen? Wéi soll se finanzéiert ginn? A gëtt se hirem gesellschaftspoliteschen Usproch gerecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Déi grouss Fro ass, wat dann d’Zil vun dëser Reform ass“, seet de Laurent Schmit zur geplangter Individualiséierung vum Steiersystem. CSV an DP soen, si soll de gesellschaftleche Verännerunge Rechnung droen an de System méi gerecht maachen. Dat gesäit de Laurent Schmit skeptesch: „Wann elo eng Iwwergangsphas vun 20 Joer fir Leit an der Steierklass 2 agefouert soll ginn, dann huet een zwee parallel Systemer. Wéi dat net soll ongerecht sinn, verstinn ech net“, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.
Anescht wéi nach ënnert der Dräierkoalitioun hätt dës Reform lo net méi d’Zil, datt méi Frae schaffe ginn, mee si géing sech virun allem un déi Jonk riichten, erkläert de Pol Reuter. „Jonk Salariéeë sollen entlaascht ginn, soudatt dës Steierreform quasi zu enger Aart Standuertvirdeel fir Lëtzebuerg soll ginn. Amplaz datt een eppes beim Logement ännert, mécht een dann eppes bei de Steieren“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
Eng grouss oppe Fro ass déi vun der Finanzéierung. „Et ass déi üblech Wett, wéi mir se zu Lëtzebuerg kennen: Datt d’Ekonomie wiisst an datt eng wuessend Ekonomie esou strukturell Reformen opfänkt. Bis elo hate mir Chance, datt déi Rechnung opgaangen ass, mee lo stellt sech d’Fro, op dat och weiderhin sou ass“, seet de Pol Reuter. A genee do gesäit den Laurent Schmit e grousse Probleem: „D’Wirtschaft a virun allem d’Zuel vun den Aarbechtsplaze wiisst net an deem Mooss, wéi dat soss de Fall war. Dat heescht, genee dat, op wat ee sech wëll verloossen, ass am Moment net do“, sou de Laurent Schmit.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu




