Trotz de ville Klimakonferenzen ass d’Welt nach wäit vum 1,5-Grad-Zil ewech. Zu Sharm El Shëikh waren d’Erwaardungen trotzdem grouss. Mee wou sti mer haut an der internationaler Klimapolitik? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Extrem Dréchenten an Iwwerschwemmunge gëtt et elo och bei „eis“ an Europa, huet de Premier a senger Ried op der COP27 betount. Engersäits gi sich d’Länner aus dem globalen Norde bewosst, datt d’Klimakris och fir si grave Konsequenzen huet. Anerersäits wëllen d’Länner, déi scho méi laang mat der Klimakatastroph liewe mussen, datt hier Schied a Verloschter vun den Industrienatiounen entschiedegt ginn. Déi sougenannten „Loss and Damage“ sinn e grousse Sujet op der UN-Klimakonferenz.

Wou steet déi international Klimapolitik aktuell a wat sinn d’Enjeuen? Kann eng COP opgrond vun den extrem ënnerschiddlechen Interessen iwwerhaapt e sënnvollen Accord fannen? Wat bréngt et, datt iwwer 30.000 Participanten un der Konferenz deelgeholl hunn? Iwwer déi an aner Froe schwätzt de Laurent Schmit, Chefredakter adjoint vu Reporter.lu, mam Journalist Pol Reuter, deen sech fir Reporter.lu mat politeschen Themen an domat och dem Klimaschutz beschäftegt.

„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema