Wéi eng Roll spillt Lëtzebuerg bei Frontex-Missiounen? Dat huet d’Journalistin Charlotte Wirth recherchéiert. Wéi eng Steng hir dobäi an de Wee geluecht goufen a firwat si elo juristesch géint d’Regierung virgeet, dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et geet ëm eng Agence, där ëmmer nees Mënscherechtsverletzunge virgeworf ginn. A Lëtzebuerg bedeelegt sech jo och u Frontex an deemno sinn et jo Steiergelder, déi do agesat ginn. An dat sollt ee scho wëssen, wat mir do maachen“, seet d’Charlotte Wirth. D’Journalistin huet fir Reporter.lu laang iwwert de Lëtzebuerg Bäitrag un der europäescher Agence fir Grenzschutz recherchéiert, dës Woch gouf hiren Artikel publizéiert.

Am Podcast „On the Record“ erzielt d’Charlotte Wirth, wéi si bei hirer Recherche virgaangen ass, wat fir Hindernisser sech hir gestallt hunn a wéi Lëtzebuerger Ministère hir Informatioun verweigert huet. Dat huet och dozou gefouert, datt d’Charlotte Wirth lo um Verwaltungsgeriicht Recours géingt déi Decisioun ageluecht huet. „Et geet hei ëm meng Aarbecht als Journalistin, déi ech net maache konnt, obwuel déi zoustänneg Kommissioun fir den Zougang zu Dokumenter sot, datt mir déi Informatiounen zoustinn“, sou d’Journalistin.

Trotz dem Refus vum Ministère konnt d’Charlotte Wirth hir Recherche awer ofschléissen – an huet dobäi erausfonnt, datt de Verdacht noleit, datt Lëtzebuerg mat engem Helikopter u problematesche Frontex-Asätz géigeniwwer vu Flüchtlinge bedeelegt war – an och den Asaz vun Dronen an dem Lëtzebuerger Militärsatellit proposéiert huet. D’Recherche géing deemno weisen, datt de Grand-Duché méi eng aktiv Roll beim Schutz vun den EU-Baussegrenzen huet wéi an der Ëffentlechkeet bekannt, sou d’Journalistin.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

 

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema