An der Tripartite hunn d’Regierung an d’Sozialpartner méi séier en Accord fonnt wéi geduecht. Wéi koum et dozou? Op wat fir Mesurë gouf sech gëeenegt? An hu mer domat d’Kris iwwerwonnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et kann ee soen, de neie Luc ass u sech de Scholde-Luc“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“ iwwert déi nei Approche vum Luc Frieden zu de Staatsfinanzen. Et misst een sech d’Fro stellen, ob Lëtzebuerg d’Maastricht-Krittären nach anhale wäert an duerch den Tripartite-Accord net riskéiert, datt den Defizit méi héich wéi dräi Prozent wäert sinn, esou de Journalist vu Reporter.lu. „De Käschtepunkt war dem Premier e bëssen egal. Et war haaptsächlech drëm gaange fir iwwerhaapt een Accord ze fannen, fir aus där Paralys, déi een an de leschte Méint gespuert huet, eraus ze kommen“, seet de Pol Reuter.

D’Sozialpartner konnten sech lo op ee Mesurëpak eenege, fir d’Kafkraaft vun de Leit ze erhalen, d’Inflatioun an de Grëff ze kréien an d’Betriber ze ënnerstëtzen. „D’Regierung huet eng gewëssen Ouverture beim Mindestloun gewisen. Natierlech war kloer, dass dat schwiereg Diskussioune ginn“, sou de Journalist zur Ausgangslag vun de Verhandlungen an der Fro vum Mindestloun. D’Propositioune vun der Regierung loungen am Ufank wäit ënnert den Erwaardunge vun OGBL an LCGB.

En Donneschden de Moien hunn d’Ministeren eng nei Propos virgeluecht. Schlussendlech konnt een sech op ee Steierkredit vun 200 Euro fir Mindestlounempfänger eenegen. „Déi Erhéijung, déi souwisou schonn decidéiert gouf, déi 172 Euro, déi kommen do nach dobäi an d’Regierung huet sech och weiderhin dozou verpflicht, datt de Mindestloun steierfräi bleift. Dat heescht, mir hu schonn eng staark Entlaaschtung vun de Mindestlounempfänger“, seet de Pol Reuter.

De Journalist vu Reporter.lu stellt dann nach a Fro, ob dës Mesuren duerginn, fir wierklech ze verhënneren, datt net awer nach eng zweet Indextranche an den nächsten zwielef Méint fale kéint. De Pak wier esou drop ausgeluecht, datt dëst tout juste evitéiert kéint ginn. Eng liicht Verschlëmmerung kéint also dozou féieren, datt et zu enger weiderer Tripartite kënnt.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema