D’Sozialronn mécht Summerpaus bis September. Wéi sinn déi Verhandlunge mat de Sozialpartner bis elo verlaf? Wéi eng Säit huet sech duerchgesat? A wéi eng Roll spillt d’Chamber an deem Ganzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Wat ech erausfonnt hunn, ass datt et zimmlech chaotesch an deene Verhandlunge war an datt de Luc Frieden Schwieregkeeten hat, dat Ganzt propper ze encadréieren“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. De Journalist vu Reporter.lu huet mat ville Leit geschwat, déi un deenen zwou Sozialronnen tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften deelgeholl hunn a konnt esou e Bléck hannert d’Kulisse vun där „Tripartite“ geheien. Ëmmer nees wiere Saachen a Fro gestallt ginn, déi een u sech schonn ofgeschloss hat, an et wier och vill tëscht de Punkte vun Dagesuerdnung hin an hir gespronge ginn.
„Et ass awer scho beachtlech, wéi schlecht déi Ronne virbereet waren an datt d’Regierung sech ëmmer nees huet missen zréckzéien, vir eng Positioun ze decidéieren. Duerch dat dilettantescht Verhalen hu mer elo quasi e Joer bei der Pensiounsreform verluer“, kritiséiert de Laurent Schmit. A wat elo fir Proposen um Dësch leie sollen, do ass fir de Journalist vu Reporter.lu ganz kloer e Gesiichtsverloscht vun der Regierung a virun allem vum Premier Luc Frieden ze erkennen. Där Meenung ass och de Pol Reuter, fir deen d’Gewerkschaften sech duerchgesat hunn an d’Patronat bis elo quasi keng Zougeständnisser krut.
Den 3. September gëtt elo weider verhandelt. A bis dohi ginn zwar d’Gremie vun de Sozialpartner iwwert d’Verhandlunge gebrieft, net awer d’Deputéiert. „Dës Sozialronn ass e Paradebeispill, wéi d’Chamber fonctionéiert respektiv net fonctionéiert, well si hir Roll net wouer hëlt“, seet de Laurent Schmit, deen an engem Kommentar dem Parlament feelend Selbstbewosstsinn attestéiert. Fir hie gesäit et am Moment och dono aus, datt et an der Sozialronn um Enn eng Eenegung gëtt, mee: „Esou dilettantesch, wéi bis elo alles verlaf ass, weess en net, wat dem Premier an der Vakanz nach sou alles afält, wat ee ka sabotéieren.“
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



