D’Keefer zécken, d’Promoteure waarden an d’Zënsen drécken: Den Drock ob d’Regierung wiisst an der Logementspolitik. Wéi misst op d’Kris reagéiert ginn? Ass Kritik um Loyersgesetz berechtegt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
An der Koalitioun rumouert et wéinst der Logementspolitik. De Projet vum Loyersgesetz, deen de Minister Henri Kox virgeluecht huet, gëtt hefteg kritiséiert – vun alle Säiten. Donieft feelt et aktuell un Demande an dowéinst wäerten dëst Joer wuel Dausende Wunnenge manner gebaut ginn.
Fuerderungen, wat d’Regierung soll maachen, ginn et der vill. Wat awer d’Politik wëll a soll erreechen, bleift onkloer. D’Mesure passen oft net bei déi aktuell Situatioun. „De Marché ass enger Schockstarre.“ Dat seet de Journalist Pit Scholtes vu Reporter.lu am Gespréich mam Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Nach ass keen Acteur bereet, mam Präis erofzegoen.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


