D’Lydie Polfer wëll och no de Gemengewale gäre Buergermeeschterin vun der Haaptstad bleiwen. Wéi tickt déi Fra, déi zanter 40 Joer Beruffspolitikerin ass? Fir wéi eng Politik steet si? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Buergermeeschterin vun der Stad Lëtzebuerg, Deputéiert, Europa-Deputéiert, Ausseministerin a Vize-Premierministerin: D’Lydie Polfer huet an der Lëtzebuerger Politik bal all Posten erreecht. An awer wëll déi 70-järeg DP-Politikerin et bei de Gemengewalen nach eng Kéier wëssen. „Bei dëse Wale geet et natierlech och em dat politescht Ierwe vum Lydie Polfer“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. De Journalist suivéiert fir Reporter.lu de Gemengewalkampf an huet rezent een ausféierleche Portrait vun der Stater Buergermeeschtech geschriwwen.
De politesche Stil vum Lydie Polfer wier duerch Vermëttlung a Konsens, mee och duerch méi Verwaltung wéi politesch Gestaltung gepräägt, sou de Pit Scholtes weider. D’Lydie Polfer géif um politesche Status quo, an am Zweiwel och um „Status quo vun de Besëtzverhältnisser“ festhalen, sou de Journalist vu Reporter.lu. Hir „liberal Gemengepolitik“ hätt d’Lydie Polfer mëttlerweil zwar perfektionéiert. An der Logements-, Mobilitéits- a Sécherheetspolitik géif sech awer weisen, datt déi politesch Method un hir Grenze stousse géif.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
