In Zusammenhang mit dem Artikel „Ein russischer Oligarch mit Luxemburger Pass“, erschienen am 5. September 2023 auf Reporter.lu, macht das Außenministerium Gebrauch von seinem Antwortrecht, so wie es Artikel 36 des modifizierten Gesetzes vom 8. Juni 2004 über die freie Meinungsäußerung in den Medien vorsieht.

Den Ausseministère ënnersträicht, dass de Petr Aven weder Lëtzebuerger ass, nach e Lëtzebuerger Pass huet. Et gëtt och kee Petr Aven am RNPP (Registre national des personnes physiques). Donieft huet den Här Petr Aven ënnert kenger Form en Openthaltsrecht zu Lëtzebuerg, dëst och net ob Basis vun Investissementer. De Ministère huet bis haut och nach ni esou eng Demande an deem Kontext vum Här Aven kritt.

Den Ausseministère huet den OFAC informéiert, dass de Petr Aven net d‘Lëtzebuerger Nationalitéit huet, a gefrot, dass déi Informatioun um Site vun OFAC korrigéiert gëtt.

Donieft ass et wichteg d’Behaaptung, dass Lëtzebuerg „ëmmer nees wéinst sengem ‚Citizenship through Investment‘-Programme an der Kritik stéing“ ze revidéieren. Lëtzebuerg huet an hat bis elo och kee Programm, wou een duerch Investissementer d’Lëtzebuerger Nationalitéit ka kréien.

Et ass wichteg ze ënnersträichen, dass et eng kloer Differenz gëtt tëschent engem ‘Residence by investment’- an engem ‘Citizenship by investment’-Programm. Bei deem éischte kritt een duerch säin Investissement eng Openthaltsgeneemegung, déi zu Lëtzebuerg u Konditioune gebonnen ass fir kënne verlängert ze ginn, an bei deem zweete kritt een direkt d’Nationalitéit an e Pass vun deem concernéierte Land. Esou ee Schema gëtt et net zu Lëtzebuerg. Wat d’Nationalitéit ubelaangt, do sinn d’Konditioune fir d’Naturalisatioun oder d‘Optioun déi selwecht fir all Auslänner deen zu Lëtzebuerg wunnt. Do ginn et keng Avantagë fir Persounen déi eventuell en Titre de séjour ‚investisseur‘ besetzen. Déi néideg Informatiounen dozou fannt dir um Guichet.lu:

https://guichet.public.lu/fr/citoyens/citoyennete/nationalite-luxembourgeoise/acquisition-recouvrement/option.html

Donieft ass unzemierken, dass den Ausseministère net responsabel ass fir den Contenu vun Internet-Siten vu private Firmen.

Doriwwer eraus wollte mir och nach kuerz umierken, datt den Ausseministère net op är dräi initial Froe separat geäntwert hat, vu datt d’Froen sech jo just applizéiert hätten, wann den Här Aven déi Lëtzebuerger Nationalitéit hätt (wat en jo net huet).

Jean ASSELBORN,
Aussen- an Europaminister
Minister fir Immigratioun an Asyl


Anmerkung der Redaktion: Dieses Antwortrecht bezieht sich auf den Artikel „Ein russischer Oligarch mit Luxemburger Pass“ und wird gemäß Artikel 36 des modifizierten Gesetzes vom 8. Juni 2004 über die freie Meinungsäußerung in den Medien veröffentlicht.