Dës Woch kruten d’Regierung an d’Sozialpartner Zenarien zur Energiekris virgeluecht. Wéi gesinn déi aus? Wat muss lo an der Tripartite diskutéiert ginn? A wéi grouss ass den Drock op de Premier? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et ass wéi en Tsunami: Et gëtt en Ausléiser, et gesäit een d’Well och kommen, mee et weess een net, wéi schlëmm et gëtt.“ Sou beschreift de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ déi schwiereg Situatioun, an där elo eng Tripartite stattfënnt. D’Zenarien, déi dës Woch de Statec präsentéiert huet, weisen effektiv, datt bei der Fro, wéi gravéierend Konsequenze vun der Energiekris fir Lëtzebuerg an de nächste Méint wäerte sinn, dovun ofhänkt, wéi laang d’Strooss vun Hormus am Kader vum Krich am Iran blockéiert bleift.

„Wat d’Situatioun nach méi schwiereg mécht, ass, datt Lëtzebuerg jo quasi schonn an enger Kris war, ier de Krich ugefaangen huet“, seet an dem Kontext de Pit Scholtes. „De facto hate mer déi lescht dräi Joer schonn eng Stagflatioun, also eng Wirtschaft, déi stagnéiert, a gläichzäiteg eng schonn héich Inflatioun. An 2026 sollt eigentlecht d’Joer vun enger zaarter Stabiliséierung ginn, mee dono gesäit et elo guer net aus“, sou de Pit Scholtes.

Déi zwee Journaliste vu Reporter.lu schwätzen an dëser Episod dann och iwwer méiglech Mesuren, déi an dëser Tripartite wäerten diskutéiert ginn, wéi vill finanzielle Spillraum d’Regierung dobäi huet a wéi grouss den Drock op alle Säiten ass – virun allem op de Premier. „Ech mengen, aleng doduerch, datt et elo eng Tripartite gëtt, geet de Luc Frieden scho geschwächt an déi Gespréicher, well en sech einfach esou gesträubt huet do dergéint“, seet de Pit Scholtes.

Mat Bléck op déi leschte Sondagen, wou d’CSV ganz schlecht ofgeschnidden huet an d’DP par contre gutt, gesäit de Laurent Schmit d’Regierung dann och an enger ganz schwiereger Konstellatioun. „Dobäi kënnt, datt een den Androck huet, datt d’Koalitioun wéi bei de leschte Sozialronnen och dës Kéier net weess, wat si eigentlech wëll. An dat ass geféierlech“, mengt de Laurent Schmit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema