D’AMMD verweigert hir Ënnerschrëft ënner eng nei Konventioun mat der CNS. Wat wëllen d’Dokteren? Firwat kënnt d’Regierung deem net no? A wéi huet sech dat dës Woch op d’Quadripartite ausgewierkt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Reformen am Santésberäich war ee vun de grousse Verspriechen am Walkampf, souwuel vun CSV wéi vun DP. Hinne goung de Virage ambulatoire vun der viregter Regierung net wäit genuch. Si wollte méi Aktivitéiten an Dokteschcabineten erméiglechen, fir datt d’Patienten net fir alles an e Spidol missten. „Dat kléngt och gutt, mee wéi dat wierklech sollt gemaach ginn, dat war keen sech bewosst“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. De Journalist vu Reporter.lu kann dann och novollzéien, datt d’Dokteschassociatioun AMMD sech doriwwer enttäuscht weist, wat d’Regierung bis elo an der Santé ëmgesat huet.
„Kloer ass, dass dës Regierung tatsächlech net dat geliwwert huet, wat se am Koalitiounsprogramm stoen huet. An do huet een u sech déi selwecht Situatioun, déi een och beim Patronat gesäit“, erkläert de Pol Reuter, fir deen do nämlech nach e Facteur dobäi kënnt: „Dës Regierung huet e Koalitiounsaccord gemaach mat zimmlech grouss Versprieche souwuel un d’Doktere wéi un d’Patronat, an huet awer net realiséiert, wat fir eng Roll d’Gewerkschaften an eisem System spillen a wéi ee Pouvoir si hunn“, sou de Journalist vu Reporter.lu. Hien nuancéiert awer och den Debat e bëssen, wou souwuel d’AMMD wéi och d’Gewerkschafte mat Kampfbegrëffer wéi Staatsmedezin oder Zwouklassemedezin géinge ronderëm werfen.
De Pol Reuter geet an dëser Episod dann och op de Sträit vun der AMMD mat der CNS an dem Ministère ëm déi sougenannt „Valeur lettre-clé“ an de Begrëff „utile et necessaire“ an. Donieft beurteelt hien d’Roll vun der Ministesch Martine Deprez (CSV) an erkläert, wéi et elo mat Bléck op déi nei Konventioun mat der CNS weidergeet, déi d’AMMD net wëll ënnerschreiwen. Hien befaasst sech awer och mat de Mesuren, déi dës Woch bei der Quadripartite diskutéiert goufen. Mat deene sollen d’Ausgabe vun der CNS reduzéiert ginn, fir dem Defizit entgéingt ze wierken. An do stellt sech natierlech d’Fro, wéi wäit dat klappt oder op een awer net laanscht Cotisatiounserhéijunge kënnt.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu





