CSV an DP wëllen awer net d’Duebelmandater ofschafen. Wéi ass et zu dësem Revirement komm? Wat ass lo geplangt? A wéi eng aner Reformen si néideg, fir d’Chamber ze moderniséieren an ze stäerken? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„D’Aufgab vum Deputéierten ass warscheinlech deen eenzege Job zu Lëtzebuerg, deen ee just dierf Hallefzäit maachen“, seet de Pol Reuter am „Podcast „On the Record“. Hien bezitt sech do ob déi „absurd“ Reegelung, datt Deputéiert pro Woch 20 Stonne fir hiert Mandat zougestane kréien an de Rescht vun der Zäit enger aner Tätegkeet kënne nogoen. A Kombinatioun mat der nach ëmmer gängeger Praxis vun den Duebelmandater erginn sech do net nëmmen eng Rei vu potentiellen Interessekonflikter, mee och vill prinzipiell Froen: Wien vertrieden Deputéiert? Déi national Bevëlkerung, hir Gemeng oder hir ganz eegen Interessen? A virun allem: „Wéi hunn si esou wierklech déi néideg Zäit, fir d’Regierung ze kontrolléieren?“, freet sech de Journalist vu Reporter.lu.

De Pol Reuter geet an dëser Episod awer virun allem op de Revirement vun CSV an DP an, déi elo, entgéingt viregten Annoncen , lo awer net esou séier wëllen Duebelmandater of- an e wierkleche Vollzäit-Deputéierte schafen. Zum Deel kann hien dat novollzéien, och wann hien et net fir eng gutt Decisioun hält. „Souguer déi grouss Parteien hu Problemer, kompetent Leit fir politesch Ämter ze fannen. Wann een dann en Deel ausschléisst fir dat eent oder anert Mandat, da bleiwen net méi vill iwwreg. An dann huet een als Partei léiwer, et huet e Leit mat engem Duebelmandat, déi zwar net 100 Prozent vun der Zäit do sinn, mee awer da wéinstens déi Zäit, wou se do sinn, wëssen, wat se maachen“, sou de Pol Reuter.

„Dat Ganzt bleift awer e grousse Probleem: Sou hu mir weider en Hallefdaags-Parlament, wärend op där aner Säit d’Gemengen duerch méi Congé politique gestäerkt goufen. Dat ass eng Situatioun, déi u sech net haltbar ass“, seet de Journalist vu Reporter.lu. Hien huet awer wéineg Hoffnung, datt sech dat a noer Zukunft ännere wäert. „Ech verstinn, wann een als Majoritéitsdeputéierte fënnt, en Duebelmandat ass guer net esou schlecht. Well et huet een am Fong wéineg ze soen, et ass ee just do, fir d’Projete vun der Regierung duerchzedrécken. Dowéinst ass et och elo net iwwerraschend, datt och deen heite Versuch gescheitert ass. Well et sinn ëmmer d’Regierungsparteien, déi dës Reform verhënneren, egal wéi eng Faarf si hunn“, sou de Pol Reuter.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema