Venezuela, Grönland oder och nach déi nei Sécherheetsstrategie: D’USA geheien d’Weltuerdnung op d’Kopp. Wat bedeit dat fir déi transatlantesch Relatiounen? A wéi kann oder muss Europa reagéieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Datt d’USA eng interventionistesch Aussepolitik maachen an och militäresch an aner Staaten agräifen, dat ass net nei, mee dat, wat a Venezuela geschitt ass, hat schonn eng aner Envergure.“ Dat seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. „Wat anescht ass wéi an der Vergaangenheet, dat ass déi Onverhuelenheet an d’Feelen vun all Pretentioun, déi et elo gouf. Et gëtt kloer gesot, ëm wat et geet: ëm den Ueleg an ëm d’Aflossgebitt vun den USA“, fënnt och de Pit Scholtes.

Déi zwee Journaliste vu Reporter.lu schwätzen an dëser Episod awer net nëmmen iwwer d’US-Interventioun a Venezuela, mee och iwwer déi amerikanesch Bestriewunge fir Grönland an iergend enger Form a Besëtz ze huelen an doriwwer, wéi dat sech alles an déi nei US-Sécherheetsstrategie abett. Déi Strategie, déi sech de Pit Scholtes schonn an enger Analys méi genau ugekuckt hat, kann als Frontalugrëff op Europa betruecht ginn a béid Journaliste stelle sech dann och d’Fro, wat dat fir d’NATO, fir déi transatlantesch Relatiounen am Allgemenge bedeit a wéi déi europäesch Länner elo dorop reagéiere kënnen.

„De grousse Paradox ass, datt d’USA domat déi Nokrichsuerdnung aräissen, déi se selwer geschafen hunn, mat deenen Institutiounen, déi nom Zweete Weltkrich gegrënnt goufen, notamment mam Zil, fir eben esou Situatioune wéi elo, datt grouss Länner iwwer kleng Länner bestëmmen, ze verhënneren“, seet de Pit Scholtes. „Europa gesäit sech aktuell mat ville Challenge gläichzäiteg konfrontéiert an et ass verständlech, datt mir domat als Europäer am Moment iwwerfuerdert sinn – dat kann een och mol eng Kéier sou soen“, fënnt sengersäits de Pol Reuter. „Mee dat dierf awer net dozou féieren, datt mir an eng Paralys geroden, well u sech hu mir kee Choix.“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Lauschtert Dir reegelméisseg eise Podcast? Wëllt Dir eng Kéier live dobäi sinn, wann eis Journalisten eng Episod vun „On the Record“ ophuelen an dono och mat diskutéieren? Dann mellt Iech elo nach un an erlieft eisen éischte Live-Podcast-Event!

Hei geet et zur Umeldung: https://reporter-live-podcast-26.eventbrite.de/


Méi zum Thema