De Georges Mischo huet d’Regierung verlooss. Wéi sinn dee Schrëtt an d’Begrënnung vum Premier Luc Frieden ze bewäerten? An ass den Dossier Sportsmusée domat scho rëm vum Dësch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„De Luc Frieden huet gehandelt. Mee seng Begrënnung passt awer net dozou“, seet de Christoph Bumb. „De Premier iwwerhëlt Verantwortung a schwätzt awer dee Minister, dee grad zréckgetrueden ass, vun aller Verantwortung fräi.“ Domat géif „déi ganz Kritik, déi hien do ugefouert huet, jo am Zweiwelsfall op de Luc Frieden zréckfalen“, sou d’Analys vum Chefredakter vu Reporter.lu an der neier Episod vum Podcast „On the Record“.
„Ech weess net, op een sech där Saach bewosst ass. Mee esou bleiwen all déi Problemer, déi jo awer nach an der Loft hänken, weiderhi bestoen“, sou de Christoph Bumb och mat Bléck op d’Kris vum Lëtzebuerger Sozialdialog. Där Meenung ass och de Laurent Schmit: „Déi vermurksten Tripartite, déi net esou soll genannt ginn, kann een dem Georges Mischo net ulaaschten. Deen huet do einfach keng Roll gespillt. Dat ass natierlech och net gutt, mee trotzdeem war dat dem Luc Frieden säin Dossier an hien huet dee vermurkst“, sou d’Urteel vum Journalist vu Reporter.lu.
Béid Journalisten diskutéieren an dëser Episod vun „On the Record“ awer och doriwwer, wéi fräiwëlleg d’Demissioun vum Georges Mischo da wierklech war, ob elo mam neien Aarbechtsminister Marc Spautz de Sozialdialog nees besser wäert fonctionéieren a wéi et mam Dossier Sportsmusée weidergeet. Also an der Affär, déi zu Konflikter an der Regierung an em Endeffekt zum Récktrëtt vum Georges Mischo gefouert huet.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu






