Ein anderer „Wochenrückblick“ ist möglich: Pünktlich zum Wochenende blickt unsere Redaktion mit einem Augenzwinkern auf Schlagzeilen zurück, die uns besonders beschäftigten. Dieses Mal: Nachrichten, die nun aber wirklich niemals öffentlich werden sollten.
„Wenn ich sehe, was in den WhatsApp-Gruppen passiert, dann sind das organisatorische und logistische Sachen: Zu welcher Uhrzeit treffen wir uns? Ist der Conseil um 10 oder um 9 Uhr? Aber es werden keine Dateien geteilt und keine relevanten Informationen, die für Regierungsentscheidungen notwendig sind.“ Das sagte Premier Luc Frieden im Parlament in Bezug auf das sogenannte „Signal-Gate“ in den USA.
Mit keinem Wort erwähnte er dabei das „Leak“ von dem seine eigene Regierung betroffen war und aus dem die Retrospect-Redaktion vor zwei Wochen exklusiv erste Auszüge veröffentlicht hatte. Eines können wir aber bestätigen: Im „Luxchat“ der CSV-DP-Regierung werden in der Tat keine relevanten Informationen geteilt. Unterhaltsam sind sie aber allemal, weshalb wir unseren Leserinnen und Lesern an dieser Stelle erneut Einblick ins Innenleben des schwarzblauen Machtzirkels ermöglichen wollen:
„Eng Politik vum Goss“
De Georges: Hey Leute, ech verstinn déi ganz Diskussiounen ëm d’Pensioune guer net. Ech hu mer meng mol ausrechne gelooss: Dat ass dach megagäil …
Gilles: Jo, mee Georges, dofir muss du awer nach e puer Joer Minister sinn.
De Georges: Majo, easy. Wouru soll dat da scheiteren …
Martine D.: Fir wierklech méi Rentegerechtegkeet misst een déi reell Léin eropsetzen.
Léon, der Profi: Wat sinn dat dat fir lénksradikal Usiichten! Huet sech hei de Marc Baum ageschlach?
Martine D.: Sorry, ech mengen natierlech: Am Koalitiounsaccord vun dëser Regierung steet, datt et wäert eng breet Consultatioun ginn iwwert déi laangfristeg Ofsécherung vun eisem Pensiounssystem, fir e breede Konsens ze fannen.
XB: Saluti! So, Luc, dat mam Misch als Generalsekretär an datt d’Christine lo zréck a mäi Ministère kënnt, dat häss de eis awer och kënne soen.
#Luc: Honoraablen Här Ausseminister. Ech hunn Iech dozou e Fax geschéckt. Nom Leak hei an dësem Chat halen ech mech u bewäert Kommunikatiounsinstrumenter. E schéine Bonjour awer aus der flotter Schivakanz:

Gilles: Pass op dech op Luc. Du weess jo nach, wéi et deemools dem Jean-Marie gaange war. Zu Mamer op der Schipist fiert et sech vill méi sécher
De Georges: Den Après-Ski knuppt awer do net esou gutt 🍺🍺🍺🍺
Léon, der Profi: E bëssen Helene Fischer, méi brauch een dach net, fir glécklech ze sinn. Ech muss mol nees mam Lori op e Concert goen.
De Georges: Apropos Musek: Wat huet de Spautze Marc dann do am „Wort“ gemengt, datt d’Fraktioun net de Gesanksveräin vun der Regierung wier?
Gilles: Lee däi Kapp a Rou Georges. Ob Gesanksveräin oder Frëndeskrees, mir krute scho jidderee kleng. Fro mol de Frank.
Serge: Like, wer ihn noch kennt.
Elisabeth: Ech fannen dat elo net esou witzeg…🙄
Gilles: Kommt, mir streide net. Wéi ech schonn um Radio sot: Mir musse mol nees eng Politik vum Goss maachen.
Gilles: Also aus engem Goss natierlech.
Elisabeth: De Marc hat mer do och eppes geschéckt, ech hat et awer nees geläscht, well ech mech Nora genannt hat. Herno huet e mir geschriwwen, dat hätt mat sengen décke Fanger ze dinn.
Martine H.: Apropos Wuerschtfanger: Ech hunn iech um Fierkelsmaart zu Rammerich vermësst. Do war wierklech eng lass. Kuckt iech déi 183 Fotoen op RTL un. Souwisou ass hei awen d’Welt nach an der Rei:

Sexy Lexy: Den Eric war jo do. Dat geet dach duer
Eric: Présent!🍺
Léon, der Profi: War d‘Nagels Maggy och do?
Martine H.: Nee, et gouf och kee Fierkel à volonté. De Marc Hansen wor awer do.
Léon, der Profi: Wien, dee Grénge vu Käerjéng?
Martine H.: Nee, dee Bloe vun Useldeng. Dee war anscheinend och eemol Minister.
Sexy Lexy: Ka net sinn. Dat misst ech awer wëssen.
Max the Great: Anscheinend ass en och nach Vizepresident vun der Demokratescher Partei. An ech och …
Eric: Net méi laang. Ech proposéieren, net nëmme Generalsekretär ze ginn, mee och nach Vizepresident.
Sexy Lexy: Also ech sinn zwar, wéi mir all, fir Duebelmandater. Mee ech fäerten, dat dote gëtt awer e bësse vill fir een. Dat wär jo esou, wéi wann de Premier gläichzäiteg och nach Parteipresident wär.
#Luc: Dat ass eng flott Saach a wichteg an enger Demokratie. Do muss een och net ëmmer mat allem d’Accord sinn.
„Déi vum Haff“
XB: Ech wor ëmmer gäre Premier. Mee am léifste wor ech Buergermeeschter. Dat waren nach Zäiten. Elo dat do mat där Aussepolitik, dat mécht ee jo ganz duercherneen. Dat mam Friddesnobelpräis gëtt awer net esou einfach. Ech sollt mol nees mam Putin telefonéieren.
XB: An anscheinend sinn ech och fir den Aussenhandel zoustänneg. Wat hat eis dann do an de Koalitiounsverhandlunge geridden?
Sexy Lexy: Dat war de Geescht vu Senneng
Léon, der Profi: Xav, et ass awer och séier d‘Bach a gaangen, mat denger Stad. D’Lydie ka frou sinn, datt ech do sinn. Oder wéi ech ëmmer zu menge Kolleege bei der Police soen: There’s a new sheriff in town.
Martine H.: A lo schécks du och nach eng Lokalpolice op Maacher?
Léon, der Profi: Natierlech. Do gëtt et eng ganz schéi Strooss, mee do gi scho mol Autoe beschiedegt. Mee deen Tonnar, dee kréien ech och nach.
#Luc: Här Minister fir bannenzegt Sécherheet …
Léon, der Profi: Ech si Minister fir Affäres intérieures.
Stéphanie: An ech si Ministesch fir Héichschoul, Fuerschung an Digitaliséierung.
#Luc: Effektiv, dat ass jo och ganz flott.
XB: By the way: Léif Gréiss vu Warschau vun eise schwéier schaffenden Deputéiert 😘😘😘:

Léon, der Profi: Gutt, datt net och nach den Tom Weidig do eng Ried gehalen huet.
#Luc: An enger parlamentarescher Demokratie muss een net ëmmer mat allem d’Accord sinn. An den Dialog mat eisen osteuropäesche Partner ass immens wichteg. A flott. Och mat Ungarn.
#Luc: Mee, Här Minister fir Affaires intérieures, wat ech virdru wollt soen: Ech hunn dem zukünfteg Grand-Duc versprach, hien kritt och eng Lokalpolice op Colmer-Bierg. Hien suergt sech ëm säin neit Haus do am Gaart.
Léon, der Profi: Kee Probleem. Zur Nout hänke mer och nach e puer Kameraen dohinner.
#Luc: Nee, nee, si ginn net esou gären iwwerwaacht.
XB: Ach, déi vum Haff! Hu der gesinn, datt d’Fra vum Grand-Duc …
#Luc: Son Altesse Royale la Grande-Duchesse …
XB: … hu der gesinn, dat d’Tréis elo an engem Interview bedauert huet, datt si net méi Zäit fir hir Kanner hat, well si esou vill fir d’Land am Asaz war?
Yuriko: Et ass wichteg, och Fraen an der Monarchie ze hunn.
XB: Ech hätt och léiwer gehat, si hätt sech méi ëm Kanner gekëmmert a manner ëm de Rescht. An dat soen ech als Liberalen. An als Mënsch. Mee da wäre mir vill méi roueg gewiescht!
#Luc: An enger Monarchie muss een net ëmmer mat allem d’Accord sinn. Dat ass jo esou flott. A letzlech ass et de Souverän, deen decidéiert.
Gilles: Très bien. Wéi sot ech schonn 2023 ëmmer: Vive de Luc!


