An der Regierung schéngt och d’Europapolitik Chefsaach ze sinn. Wou huet de Premier Luc Frieden bis elo Akzenter gesat? A wéi ass säi Verhältnis mam Ausseminister Xavier Bettel ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Ech si géingt eng wëll illegal Immigratioun. An dofir brauch een eng relativ strikt Migratiounspolitik mat Häerz a Verstand. An d’Häerz, dat ass deenen ze hëllefen, déi aus politesche Grënn fortlafen. Mee et kann net jiddereen aus Afrika an Asie bei eis an Europa kommen.“ Dat sot de Premier Luc Frieden rezent am traditionellen Neijoerschinterview mat „RTL“.
Fir de Christoph Bumb huet een do „den ongefilterten ale Luc“ héieren, mat deem politesche Profil, wat ee fréier vun him kannt hätt, also viru sengem Comeback bei de Walen 2023. Et wier e Saz, deen net an dat Bild géing passen, datt „den neie“ Luc Frieden soss ofgëtt, wou hie ganz genau oppasst, wat hie wéi seet, analyséiert de Chefredakter vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.
Generell géif et zwar eng grouss Kontinuitéit an der Europapolitik par rapport zu fréiere Regierunge ginn. Mee de Luc Frieden setzt awer nei Akzenter, déi zum Deel op Kritik stoussen. Dat géif zum Beispill säin Image vum „Orban-Flüsterer“ weisen, sou de Christoph Bumb. Et wieren eenzel Episoden, wou een sech froe kéint, wisou de Premier grad do wéilt e Punkt op der europäescher Bün maachen.
Interessant wier awer och d’Verhältnis vum Luc Frieden zum Xavier Bettel: „Am Zweifel ass de Premier de Chef an den Ausseminister ka realpolitesch an deene Beräicher Akzenter setzen, déi de Premier him léisst“, erkläert de Chefredakter vu Reporter.lu. An do hätt ee kënne gesinn, datt de Xavier Bettel eng Zäitche gebraucht hätt, fir ze realiséieren, „datt hien net méi Premier ass“. „Et kritt een hannert de Kulissen och scho mat, datt do net méi alles esou reiwungslos funktionéiert an datt een net zu 100 Prozent zefridde mat där Aarbechtsopdeelung ass“, sou de Christoph Bumb.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



