Geschwënn ass Rentrée. Wou steet de Lëtzebuerger Schoulsystem am Joer 2024? Firwat si Reformen an der Educatioun esou schwéier? A wéi eng Projete gi méiglech Piste vir? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„De Lëtzebuerger Schoulsystem bréngt et fäerdeg, datt gewéinlech um Enn vum zweete Schouljoer scho kloer ass, wéi de Schoulparcours wäert verlafen. Wat bis dohinner schif gelaf ass, dat kritt de System net méi opgefaangen“, seet d’Pia Oppel. D’Journalistin vum „Radio 100,7“ a Co-Autorin vum Podcast „Schlechte Schüler“ ass Invitée an der neister Episod vu „On the Record“. Am Podcast vu Reporter.lu schwätzt de Laurent Schmit mam Pia Oppel iwwert d’Erkenntnisser, déi si duerch hir Recherche iwwert de Schoulsystem krut, an iwwert d’Reaktiounen, déi et op de Podcast a senger initialer Versioun an elo rezent op déi franséisch Iwwersetzung „Mauvais élève“ goufen.
Déi zwee Journaliste ginn awer och op d’Ongerechtegkeeten am Schoulsystem, déi international Schoulen an d’Alphabetiséierung op Franséisch an. Villes dovu géing weisen, datt wann een de Schoulsystem wéilt reforméieren, een als Educatiounsminister méi wéi fënnef Joer brauch. „Dofir ass et Cadeau fir de Claude Meisch, datt hien elo nach eemol dee Ressort krut“, seet d’Pia Oppel. „Mee elo muss en awer dann och beweisen, wann hien d’Alphabetiséierung op Franséisch wëll verallgemengeren, ob hie wierklech Reform maache kann“, sou d’Journalistin vum „Radio 100,7“.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



