Säit Abrëll si mam Tankrabatt d’Steieren um Sprit erofgesat. Mee et bestinn Zweiwel, ob déi Mesure hält, wat d’Regierung versprécht. Am Hannergrond streit d’Koalitioun och iwwert den Tanktourismus. Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“. 

Den Tankrabatt soll eng Ënnerstëtzung si fir der Explosioun vun de Spritpräisser entgéintzewierken a soll virun allem de finanziell schwaach Stéit ze gutt kommen. Sou huet d’Regierung d’Aféierung vun der Mesure bei der leschter Tripartite presentéiert.

Sozialpolitesch ass et awer eng hallef-iwwerluechte Mesure, argumentéiert de REPORTER-Journalist Laurent Schmit. Dobäi géif et der blo-rout-grénger Koalitioun vill méi em d’Oprechterhale vun de Recettë vum Tanktourismus goen.

A besonnesch klimapolitesch ass d’Mesure bedenklech. Den Tankrabatt sabotéiert nämlech d’Efforte fir CO2-Emissiounen ze reduzéieren. D’Mesure gouf mat der Ënnerstëtzung vun de Grénge verlängert, mee et wier der Partei hire „leschte Kompromëss“.

Wat ass vum Tankrabatt ze halen? Domat setzen sech d’Isabel Scott an de Laurent Schmit am REPORTER-Podcast „On the Record“ auserneen.

„On the Record“ mam Isabel Scott ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema