D’Dysfonctionnementer bei der Aktioun SuperDrecksKëscht, déi Reporter.lu d’läscht Joer opgedeckt huet, beschäftege weider d’Politik. Am REPORTER-Podcast „On the Record“ schafen d’Isabel Scott an de Pit Scholtes e kriteschen Iwwerbléck iwwer déi ganz Affär.
D’Affär SuperDrecksKëscht ass lescht Woch kulminéiert mat engem retroaktiven Finanzéierungsgesetz deen en 112 Milliounen Euro schwéiere Kontrakt tëscht der Regierung an der Firma „Oeko-Service-Luxembourg“ legaliséiere soll. An awer bleiwe verschidde Froen ëmmer nach onbeäntwert.
Wéi konnt et sinn datt an enger Initiativ déi e festen Bestanddeel vu Lëtzebuerg ass, sou e grousse Manktem u Kontroll an Transparenz herrscht? De Pit Scholtes beschreift de Kär vun der Affär als „staatlech subventionéiert Milliounegeschäft“. Iwwer 20 Joer laang hu Regierungen der Firma „Oeko-Service-Lëtzebuerg“ den Optrag fir d’Aktioun SuperDrecksKëscht mat milliouneschwéierer Budgetsenveloppe zur Verfügung gestallt, an dat quasi ouni parlamentarescher Kontroll.
Lauschtert hei déi ganz nei Episod vum REPORTER-Podcast „On the Record“.
„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
