Fir Léit, déi laang am Chômage sinn, solle Beschäftegungsinitiative wéi de CIGR-Mëllerdall eng Bréck bidde fir op de régulairen Aarbechtsmarché ze kommen. Mee wéi Betraffener Reporter.lu erzielen, stécht dohannert e System, dee senger Missioun net ëmmer gerecht gëtt.

Wee laang am Chômage ass oder op de Revis ugewisen ass, gehéiert zu den ekonomesch a sozial Prekäersten an der Gesellschaft. Beschäftegungsinitiative wéi de „Centre d’Initiative et de Gestion Régional“ (CIGR) Mëllerdall bidden eng sozial Mesure un, déi hinne Perspektive schafe soll: eng Chance fir um Konkurrenz-haarden Aarbechtsmarché rëm Fouss ze faassen. Ënnerstëtzt dobäi ginn d’Initiativen duerch den „Fonds pour l’Emploi“.

Et ginn awer Problemer am System. An dëser Episod vum Podcast „On the Record“ erklären d’REPORTER-Journalisten Pit Scholtes an Isabel Scott, ënner wéi engen Aarbechtsbedingunge Leit am CIGR-Mëllerdall schaffen, a wei schwéier et fir si ass, géint problematesch Praktike virzegoen.

„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema