Wéinst Finanzéierungsproblemer riskéiert d’Asbl „Passerell“ net méi kennen Flüchtlingen ze hëllefen. Mee wéi gutt ass Lëtzebuerg iwwerhaapt opgestallt fir Leit déi Asyl froen, juristesch z’ënnerstëtzen? Dorems geet et an der neier Episod vum REPORTER-Podcast „On the Record“.
Wee zu Lëtzebuerg Asyl ufreet, muss sech op laangwiereg a komplex Prozeduren astellen. Fir déi divers bürokratesch Hürden ze meeschteren, kennen Flüchtlingen Ënnerstëtzung kréien vun der Hëllefsorganisatioun „Passerell“. D’Asbl, déi selwer em d’Iwwerliewen kämpft, kritiséiert datt Flüchtlingen kee gudden Access zur Justiz kréichen: se géifen net vun den Autoritéiten iwwert hir Rechter opgekläert ginn, an generell géing et u spezialiséiert Affekoten feelen.
„Passerell“ ass mat hirem konsequenten Aktivismus eng Ausnam am Lëtzebuerger ONG-Secteur: d’lescht Joer huet si d’Direction de l’Immigration verklot, dat well Agenten Flüchtlingen systematesch dovunner ofhalen géifen, eng „demande de protection internationale“ anzereechen.
An der neier Episod vum REPORTER-Podcast „On the Record“ setzen sech d’Journalisten Luc Caregari an Isabel Scott vu Reporter.lu ënnert anerem mat dëse Froen auserneen.
„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
