Nieft villen anere Länner erkennt och elo Lëtzebuerg Palästina als Staat un. Wat bedeit dat fir de Gaza-Konflikt? Wat fir déi allgemeng geopolitesch Lag? A wat fir d’Relatiounen tëscht den USA an Europa? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Fir déi eng ass et e wichtegt Signal am richtege Moment an eng Decisioun fir de Fridden. Fir déi aner ass et eng Belounung fir déi terroristesch Aktivitéite vun der Hamas an deemno e falsche Schrëtt. Rieds ass vun der Unerkennung vu Palästina als offizielle Staat – eng Annonce, déi dës Woch bei der UN-Vollversammlung eng ganz Rei weider Länner gemaach hunn. Dorënner och Lëtzebuerg.

„Too little too late“, seet dozou de Luc Caregari am Podcast „On the Record“. „Iwwer dës Unerkennung gëtt scho jorelaang diskutéiert, 2014 schonn gouf dozou eng Resolutioun an der Chamber ugeholl. Mee et ass natierlech e Schrëtt mat enger wichteger Bedeitung, datt Lëtzebuerg sech elo op deem dote Wee zu enger Zwou-Staate-Léisung bekennt“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

„Et ass jo och keng Unerkennung tout court, mee et weist e Wee hin zu enger méiglecher Friddensléisung“, fënnt sengersäits de Pit Scholtes. „Déi Alternativlosegkeet, déi de Benjamin Netanjahu a seng Regierung fir déi Militäroperatioun wëll propagéieren, déi ass duerch deen heite Schrëtt net méi esou ginn an doduerch geréit hien och innepolitesch méi ënner Drock wéi bis elo“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Béid Journaliste gesinn Israel ëmmer méi isoléiert op der Weltbün, och wann d’USA weider de stäerkste Verbündete bleiwen. „Domat isoléieren sech awer och d’USA weider an déi aner Acteure wäerte scho wëssen, doraus hir Virdeeler ze zéien, notamment China“, sou de Pit Scholtes. Wat Relatiounen tëscht den USA an Europa ugeet, do gesäit de Luc Caregari Parallellen zum Ukrainkrich: „Europa gëtt jo och zum Deel vun den USA gezwongen, eng nei gemeinsam Stëmm ze fannen an eng nei gemeinsam Strategie ze huelen, an domat och eege Verantwortung.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema