Hongersnout, Gewalt an Zerstéierung: D’Situatioun an der Gaza-Sträif ass an allen Hisiichten extrem. Wéi soll d’Lëtzebuerger Regierung mam Virgoe vun Israel ëmgoen? A wéi konkret eppes beweegen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et gëtt keng Excuse fir datt Mënschen, zivil Leit, och keng aner Leit, erhéngere gelooss ginn. Dat ass absolut inakzeptabel“, sot de Premier Luc Frieden um Pressebriefing Ënn Juli. Et ware schaarf Wierder a Richtung vun der israeelescher Regierung. „Et si vill Wierder, mee et gëtt awer nach all Argument dräimol ëmgedréint an et ginn éischter Erklärunge gesicht fir dat eegent Net-Handelen ze justifizéieren“, analyséiert de Luc Caregari.

Mat ekonomesche Sanktioune géint Israel deet sech Lëtzebuerg awer bis elo schwéier. „Wéi sou oft zu Lëtzebuerg béisst sech déi ‚Business-First‘-Attitüd vun der Regierung mat hire moralesche Standarden, déi se gär dobaussen ausposaunt“, seet de Journalist vu Reporter.lu.

An der Fro vun der Unerkennung vum Staat Palestina gëtt et awer Beweegung. Am September kéint et sou wäit sinn. „Falls Lëtzebuerg wierklech sou wäit geet, dann hu mer e Schratt gemaach, deen een net méi kann zréckgoen. Et ass e Schratt an déi richteg Richtung, well et ass e Schratt fir ze soen, mir wëllen eng Zwou-Staate-Léisung“, betount de Luc Caregari. „An domat akzeptéiere mir weder d’Rhetorik vun enger Hamas, nach vun enger israeelescher Extrême-Droite“, erkläert hien.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema